Dat schlëmmste Geräisch ass wuel dat vum Wecker. E schellt einfach vill ze fréi. Praktesch Saach, de Snooze Knäppche mat deem een den Alarm fir eng gewëssen Zäit desaktivéiert fir dann no meeschtens 7 Minutten dat selwecht Monotoont Geräisch nach eemol ze héieren ze kréien. Elo stellt sech d'Fro: Ass dat iwwerhaapt Gesond.

19/07/2019 Ass "snoozen" ongesond?

Deen Een oder Anere Wecker ass mat Sécherheet scho widder d'Mauer geflunn.
An awer kennen der vill déi praktesch Funktioun vun der Snooze-Tast. Also dee Knäppchen um Wecker, deen dofir suergt dass der mer no 10 Minutten en Déjà Vue kréien.
Et gëtt Leit déi dat e puermol widderhuele bis se dann enfin opstinn.
Geet et amerikanesche Fuerscher no misst um Wecker drop stoen "Snooze schued ärer Gesondheet".
Wéi et schéngt ass dee permanente Wiessel tëscht erwächen an erëm aschlofen an esou engem kuerzen Zäitraum alles anescht gutt fir eis Gesondheet.
Et verléiert een dee Moment nämlech gesonde Schlof an et bréngt ee säi Schlofrhythmus duercherneen.
Duerch d'Erwächen an erëm aschlofe gëtt eist Gehir duercherneen, et weess dann net méi ob et waakreg oder midd soll sinn.
D'Suite dovun ass dass mer eis Dagsiwwer Midd spieren. Dernieft sinn eis Leeschtungen och net esou gutt.
Ma de Rosenberg, sou de Numm vum Fuerscher, gëtt net eleng der Snooze Tast d'Schold dodrun. Et ass allgemeng de chronesche Schlofmangel vun eiser Gesellschaft. Esou eppes nennt sech soziale Jetlag.
Déi meescht drécken d'Schlummer-Tast well se reegelméisseg ze wéineg schlofen. Schlofmangel huet per Definitioun deejéinegen deen nëmme 6 oder manner Stonne schlof kritt.
Suitten dovu sinn Iwwergewiicht an e Risiko Zockerkrank ze ginn.
E weidere Grond firwat mer esou schlecht schlofe läit dorun dass vill Leit de Smartphone an den Tablet nach am Schlofzëmmer benotzen. Déi blo Luucht vun dësen Apparater mécht dann och nach dass mer méi schlecht schlofen.