Et geschitt méi schnell wéi ee kucke kann, dass de wäertvollen Handy an d'Toilette fält oder een de Kaffi driwwer geschott huet. Wann de Smartphone hei nach net futti ass, muss e meeschtens reparéiert ginn, wat dacks net bëlleg gëtt. D'Julie Mathes verréit, wat een a sou engem Fall maache soll fir säin Handy net mussen an d'Reparatur ze ginn.

18/07/2019 Wat maache wann de Smartphone naass gëtt?

An Däitschland misste schonn iwwer zéng Prozent vun de Leit hirem Smartphone Äddi soen, well en an d'Toilette gefall ass. Sou domm dat och kléngt, geschitt et also méi oft wéi ee mengt, dass den Handy duerch e Waasserschued net méi ze benotzen ass. Et ginn awer glécklecherweis e puer einfach Schrëtt, déi ee befollege kann fir den Handy nach ze retten.

Als éischt soll een den Smartphone direkt vum Stroum huelen, nodeems e mat Waasser a Kontakt komm ass. Sou schützt een den Akku virun engem Kuerzen. Dobäi soll een onbedéngt oppassen, dass d'Waasser net mam Stroum a Beréierung kënnt.  Duerno soll een den Handy direkt ausmaachen a wann e schonn aus ass op kee Fall umaachen. Hei besteet soss de Risiko vun engem Akkuschued, deen een nëmme schwéier reparéiere kann.
Als nächst soll een den Handy mat engem Duch oder Toilettepabeier ofdréchnen an duerno an eng loftdicht Verpakung mat Räis leeën.
Elo heescht et Gedold hunn, well am beschten ass et, wann een den Handy iwwer puer Deeg an der Tut dréchenen léisst, éier een e rëm umécht

Dëst soll ee virun allem maachen, wann den Handy ganz naass ginn ass. Wann et just puer Sprëtzer sinn, geet et meeschtens duer, den Handy nëmmen auszemaachen an en un der Loft dréchenen ze loossen.

Wat een op kee Fall maache soll bei Waasserkontakt, ass den Handy mat Hëtzt oder mat engem Staubsauger a Verbindung ze bréngen. Domatt schued een der Elektronik vum Smartphone nämlech nach méi wéi mam Waasser.

Och wann een dës Schrëtt brav befollegt kann et awer virkommem, dass de Smartphone sech vum Waasserschued net erhuele kann. Déi Leit, déi also op d'Nummer sécher goe wëllen an d'Situatioun komplett vermeide wëllen, kafe sech am Beschten eng waasserfest Handyhuss, wou den Handy vun all Drëps  geschützt ass