Verléift sinn ass eent vun de schéinste Gefiller iwwerhaapt. Bis de Moment, wou eng intim Bezéiung ausernee brécht an d'Häerz direkt mat. Dëst kann dramatesch Konsequenzen op d'Gesondheet hunn, Julie Mathes.

18/07/2019 Broken Heart Syndrom

De sougenannte Broken Heart Syndrom ass Wëssenschaftler no eescht ze huelen! Trennunge léisen oft net nëmme Trauer aus mee kënnen tatsächlech krank maachen. Vill Erwuessener huele sou eng Situatioun oft op déi liicht Schëller a mengen, dass d'Trauer no engem bedeitenden Mënsch vum selwen iergendwann fortgeet.

D'Elena Sohn, d'Autorin vum Buch "Goodbye Herzschmerz" réit awer, dass e gebrachent Häerz net ze ënnerschätzen ass. D'Symptomer änelen deenen vun enger Depressioun. Betraffen hunn dacks d'Perspektiv verluer, fille sech niddergeschloe, schlofe schlecht, iessen näischt a sinn demotivéiert.

Fir sou Fäll huet déi jonk Schrëftstellerin e Berodungszenter an Däitschland opgemaach, dat sech "Liebeskümmerer" nennt. D'Clienten sinn hei meeschtens tëscht 30 a 40 Joer al, et sinn awer och regelméisseg Leit iwwer 70 Joer hei. D'Elena Sohn betount, wéi wichteg et ass, och am héijen Alter d'Gespréich ze sichen a sech virun An ze féieren, wat am eegene Liewe wichteg ass. Dat kann e Beruff sinn, deen een erfëllt oder en Hobby, wou ee Spaass drun huet. Ganz wichteg ass a sou enger Situatioun awer och gutt Frënn ze hunn, mat deenen ee schwätze kann an déi een op aner Gedanke bréngen.

Heiansdo geet dat awer net duer an et ka virkommen, dass d'Leit duerch sou eng Trennung doudkrank ginn. A sou Fäll muss onbedéngt Hëllef vu bausse kommen. Déi Betraffen kenne souguer un engem akuten Häerzversoen leiden. Dëst gëtt ausgeléist duerch staarken emotionale Stress an nennt sech Broken Heart Syndrom. Am schlëmmste Fall kann dat souguer déidlech sinn.

An dëser Phase kann et och nach zu anere Krankheete kommen, wéi zum Beispill e Longenödem oder ee sougenannte kardiogene Schock, wou d'Häerz ophält mat pompelen.
Och wann een d'Symptomer vun engem gebrachenen Häerz dacks mat engem Häerzinfarkt vergläicht, ass een an dësem Fall meeschtens no zwee Méint erëm gesond. Et sollt een awer egalwéi duerno e Psycholog opsichen, deen engem hëllefe kann mat dësem emotionale Stress besser eenz ze ginn.