Wien an d'Vakanz geet muss och un d'Accessoiren denken déi e fir d'Elektronik wëll mathuelen, rsp soll ee wësse wat ee brauch. An da gëtt et jo och nach déi Länner an deenen nëmmen 110V an der Steckdous sinn. Wien wandere geet soll och gutt Equipéiert sinn. Jee nodeem kënnt also hei e bëssen eppes zesummen.

19/07/2019 Smartphone: Wéi eng Accessoiren brauch een an der Vakanz

Zouginn de Smartphone ass an der Vakanz praktesch. Et kann een d'Kaarte vun der Stad hei drop kucken. E Guide kucken an duerch Selfien der Famill Bescheed soen dass et schéin ass an dass ee gutt ukomm ass.
Ma fir dass de Spaass net all ze séier fäerdeg ass muss ee verschidden Accessoirë mat schleefen. Wichteg ze wëssen ass dass net an all Land déi selwecht Steckdousen existéieren. Et gi souguer Länner do kommen amplaz vun 220V nëmmen 110 Volt aus der Mauer. Do muss een also oppassen och dat richteg Geschir dobäi ze hunn.

Wien wëlles huet wanderen ze goen, an doduerch evtl méi laang ënnerwee ass dee soll op kee vergiessen eng Powerbank matzehuelen. Wichteg ass och ze kucke wéi dacks een se benotze ka bis d'Powerbank selwer dann erëm un de Stécker muss.
Am beschten et hëlt een eng déi tëscht 5000 - 10.000mAh Stonn geet. Bedenkt just, wat Kapassitéit méi grouss ass wat den Apparat selwer och méi schwéier gëtt. An och a Fligere gëllen extra Bestëmmunge fir esou Zousatzsakkuen. Am beschten sech hei am Viraus informéieren.

Wien de Smartphone als Fotoapparat benotze wëll dee soll onbedéngt déi Eng oder Aner Späicherkaart méi am Gepäck hunn. Dernieft soll ee reegelméisseg Backupe maachen. Am beschten iwwert de Wlan vum Hotel. D'Housse dass näischt un d'Maschinn kënnt brauch ech net ze ernimmen. Dat misst jidderee mëttlerweil hunn.

Wien en Navi um Handy huet dierf de Support dofir net vergiessen. Den Smartphone muss jo dann och iergendwéi festgemaach ginn. Woubäi Navi och erëm méi Stroum verbrauch.
Jee no Land ginn et dann och vill Appen. Et hänkt dovunner of wat der wëllt dohanne maachen. Ma dacks ass et net vu Muttwëll de Plang vun der Stroossebunn drop ze hunn oder eng Wieder App.
Et fënnt een alles am respektiven App Store. Unhand vu Kritike vun aner User kann een dann och direkt erausfannen ob se eppes daacht oder net.