Psychologen hunn déi ideal Schlofzäit fonnt fir eng erhuelsam a gesond Nuecht ze hunn.

22/07/2019 Déi ideal Schlofenszäit

Wie kennt dat net, wann een owes beim Fernseh setzt an nach d'Lieblingsserie fäerdeg kucke wëll, obwuel ee weess, dass ee moies fréi aus dem Bett muss. Wann de Wecker da moies schellt, bereit een, dass een net éischter schlofe gaang ass. Schlofmangel a schlecht schlofen ass de Grond, dass vill Leit moies schlecht gelaunt op Aarbecht ginn an sou hiren Dag mat negativer Energie starten.

Et misst ee sech also froen, wéi een dat ännere kéint. Nei Studien hunn erausfonnt, wat déi perfekt Schlofzäit ass fir dass de Kierper sech nuets richteg erhëlt. Also stellt iech lo schonn am Beschten e Wecker fir den Owend 22:37. Dat ass nämlech enger britescher Studie vum "Mirror" no, deen ideale Zäitpunkt, wou ee sollt an d'Bett goe fir sengem Kierper richteg Rou ze ginn. Esou schléift ee genuch, et erwächt een erholl an et ass een am Grousse Ganzen méi zefridden.
Dobäi sollt ee sech dann och direkt schonn e Wecker fir 7.19 setzen, well dat der Studie no déi perfekt Zäit fir ze erwächen ass.
Wann een dës Zäiten anhält ass et scho vill méi wahrscheinlech, dass der moies ausgeschlof an den Dag start.

Et soll een awer hei net vergiessen, dass een an deem Zäitraum wou ee schléift roueg an ouni Stéierunge schlofe soll.
Wosst dir nämlech, dass Koppelen, déi an engem Bett zesumme schlofen sech am Duerchschnëtt zwee Mol an der Woch streiden, wéinst hire Schlofgewunnechten oder wéinst der Zëmmertemperatur an der Schlofkummer. D'Studie beweist en plus, dass 45% vun de Männer nuets heemlech d'Fënster opmaachen währenddeems hir Fraen nach schlofen.

Et ass also net esou einfach nieft der idealer Schlofzäit och nach e gudde Kompromëss mat sengem Schlofpartner ze fannen fir eng entspaant Nuecht ze hunn. Wann ee sech awer alt Mol un d'Zäiten hält ass et awer op alle Fall mol méi wahrscheinlech, dass ee moies gutt gelaunt opsteet.