An der asiatescher Kichen sinn d'Insekten scho säit Joren feste Bestanddeel. Hei an Europa ass et fir vill Leit nach ëmmer onvirstellbar déi kleng Déieren ze iessen. Et entsteet awer lues a lues en neien Iessenstrend, deen zemools fir Vegetarier interessant kéint sinn, Julie Mathes.

23/07/2019 Sollte mer méi Heesprénger iessen?

Am Film König der Löwen bréngt de Pumba deem klenge Simba scho bäi, dass d'Insekten gesond sinn a vill Proteiner enthalen. Fir vill Leit ass et awer nach ëmmer schwéier virstellbar Insekten ze iessen, well se sech dervun eekelen. Wousst dir awer dass scho 25% vun der Weltpopulatioun reegelméisseg dat klengt Gedéiesch iessen?

Heesprénger, Wierm an och Grillen solle fir de Mënsch anscheinend gesond sinn. Si enthalen net vill Kuelenhydrater mee dofir awer vill Proteinnen, Vitaminnen an Mineralstoffer. Et sinn ongeféier genau sou vill Proteinnen a Fetter an deene klengen Déieren wéi an der Mëllech oder am Rëndfleesch. D'Insekten sinn awer am Verglach vill méi einfach ze ziichten. Dobäi kennt, dass och keen Zocker enthalen a sinn duerfir och eng interessant Alternativ fir déi Leit, déi Wäert op eng gesond Ernährung leeën.

D'Insekten kenne souguer och interessant fir Vegetarier a Veganer sinn. Si besetzen nämlech keen zentrale Nervesystem, empfannen also kee subjektive Wéi. Dobäi kennt, dass si duerch hiren héije Gehalt u Proteinnen als idealen Ersatz zum Fleesch gëllen.
D'Insekten als Liewensmëttel kéinte souguer och dozou bäidroen den Zäreneffekt ze reduzéieren, deen duerch déi traditionell Déierenzuucht entsteet.

 Enger Studie vun der Universitéit zu Teramo an Italien no, sollen d'Insekten souguer ee bessere Start an den Dag verspriechen wéi den Orangëjus. Si enthalen nämlech bis zu fënnef mol méi Antioxidanten an hëllefen sou eisem Kierper am natierleche Gläichgewiicht ze bleiwen an stäerken dobäi nach eist Immunsystem.