Bei dësen Extremtemperaturen déi lescht Deeg, hu vill Leit Loscht sech an d'Waasser ofkillen ze goen. Hei gëtt leider dacks d'Gefor vum Erdrénken ënnerschat. D'Julie Mathes huet puer Tipps fir sou Accidenter sou gutt wéi méiglech ze verhënneren.

24/07/2019 Tipps géint Accidenter beim Schwammen

E grousse Problem an eng vun den Haaptursaach firwat vill Leit erdrénken ass, dass een eng Persoun déi am gaangen ass z'erdrénke dacks net gesäit an oft och net héiert. De Mënsch reagéiert a sou enger Situatioun meeschtens panesch a probéiert instinktiv no Loft ze schnapen amplaz no Hëllef ze ruffen oder ze wénken. Dobäi kennt, dass de Kierper oft keng Kraaft huet fir ze wénken a well de Kapp meeschtens schonn ënner Waasser steet, kennt och all Ruff no Hëllef ze spéit. Deen éischte Reflex ass nämlech iwwer Waasser direkt no Loft ze schnapen.

Fir sou Situatioun sou gutt et geet ze vermeiden, ginn et dräi Saachen wou een drop oppasse soll.

Éischtens soll ee sech bewosst sinn, dass sech de Kierper bei sou héijen Temperaturen staark erhëtzt. Wann een da vun engem Moment op deen aneren an dat kaalt Waasser spréngt, kann dat eise Kreeslaf duerchernee bréngen. Dëse gëtt hei iwwerlaascht an am schlëmmste Fall kann et zu engem komplette Kreeslafversoe kommen. Dat géing bedeiten dass de Betraffenen ëmkippt an ouni ee Mucks ënnergeet. Fir dee groussen Temperturwiessel ze vermeiden an et sou eisem Kierper méi einfach ze maachen, soll ee sech dofir lues a lues ofkillen wann een an d'Waasser klëmmt.

Et soll een ënner anerem och vermeide sech virum schwamme voll ze friessen. Nom Iessen ass eise Kierper nämlech haaptsächlech mat der Verdauung beschäftegt. Et fält him also méi schwéier d'Kraaft opzebréngen, déi eis Muskele brauchen, fir ze schwammen.

Dobäi soll een och op kee Fall alkoholiséiert schwamme goen. Mat Alkohol am Blutt ënnerschätzt een nämlech dacks d'Waasser a virun allem och déi eegen Ausdauer. Den Alkohol beaflosst eist Handelen. Sou kennen zum Beispill Stréimungen an Distanzen ënnerschätzt ginn, wat dacks eng Ursaach vum Erdrénken ass.

Passt op dës einfach Saachen op a vermeid sou vläicht zukünfteg Accidenter beim Schwammen. Sou kënnt der nämlech bei dësen Temperaturen an de Genoss vun enger Ofkillung kommen, ouni dass e flotte Mëtten beim Waasser ee béisaartegt Enn hellt.

Fannt déi Persoun déi grad erdrénkt: