Déi eng kennen net drop verzichten, déi aner iwwersprangen et ganz einfach- d'Moiesiessen. D'Julie Mathes erkläert, wat ee moies léiwer net iesse soll, zemools net wann een ofhuele wëll.

26/07/2019 Saachen déi ee moies net iesse sollt

Wann een d'Leit freet, wat se moies gär iessen, soen der vill eng Schossel Cornflakes. Dat ass schnell preparéiert a schmaacht och nach gutt séiss. Den Harvard "Health Publishing" betount awer, dass hei dacks extrem vill Zocker dran ass an dovun ofzeroden ass. Liewensmëttel mat vill Zocker hunn nämlech den Nodeel, dass een no engem kuerzen Zockerhéich schnell an e Lach fält. Dobäi kennt nach dass d'Cornflakes bei der Produktioun quasi all Vitaminnen, Mineralien a Ballaststoffer verléieren. Si bréngen dem Kierper also net vill ausser engem kuerzen Zockerschock.

Sou een Zockerschock kann och beim Schockelasbotter opkommen. Obwuel hei haaptsächlech Proteinnen dra sinn bréngt dës extra Portioun Fett an Zocker eisem Kierper net immens vill Nährwertes. Wann een natierlech elo d'Fanger guer net dovu loosse kann soll een der "Nutrition Action" no Äerdnoes oder Mandelbotter op d'Schmier maachen. Och wann des net vill manner Kalorien hunn, ass et awer méi gesond wéi den traditionelle Schockelasbotter.

Eng aner Zockerbomm, déi awer bei vill Leit beléift ass, si Paangecher a Wafele moies. Ähnlech wéi bei de Cornflakes huet een hei just kuerz en Zockerhéich an duerno en Zockerdéif, wouduerch ee sou midd a schnell erëm hongereg gëtt.

Mat Kuch a Mëtsche moies ass et net vill anescht. Egal wéi lecker déi schmaache gëtt geroden d'Fanger dovun ze loossen, zemools wann ee Wäert op eng gesond Ernierung leet.
Spéitstens säit der Influencer Hysterie sinn och Bagelen e beléifte Snack fir moies den Dag unzefänken. Och wann des villäicht méi flott a gesond ausgesi wei déi banal Schmier, bréngen se dem Kierper och net vill. Et ass am Fong haaptsächlech wéisst Brout ouni vill Vitaminnen a Mineralien.

Jo et sinn ëmmer déi lecker Saachen, wou am meeschten Zocker dra sinn a sou net gesond si fir moies an den Dag ze starten. Mee et ginn awer Alternative, wéi Huewerflacken mat Uebst oder eng Vollkarschmier mat Kéis, déi genau sou gutt schmaache kennen an dobäi nach gesond sinn.