Zu Amsterdam hu se elo eng Initiativ ergraff, fir de Plastik aus de Kanäl ze fëschen. D'Method ass ganz spartanesch.

29/07/2019 Amsterdam: Schëffs-Tour fir Plastik ze fëschen

Laurent Gillander
=================

Se sinn ob de Schëffer ënnerwee equipéiert mat Netzer déi een beim Fësche benotzt. Tour mat där se ënnerwee sinn dauert 2 Stonnen. Zil ass et de ganze Plastik aus dem Waasser ze fëschen.
Jidderee ka matmaachen. Eppes wat gutt ukënnt. Eleng d'Lescht Joer hunn hei 12.000 Leit matgemaach, Tendenz no uewen.
Plastic Whale nenne sech dës Croisièren.
D'Firma gouf schonn virun 8 Joer gegrënnt. Alles wat Plastik ass, gëtt esou aus de Kanäl gefëscht. Wat verhënnert dass dësen am Mier lant. Um Enn gëtt dann de Plastik vum Plastik getrennt. Also Fläschen gi vun den aneren Plastiks-Géigestänn getrennt. Si kënnen dacks recycléiert ginn.
Wien hei mat mécht kritt awer net nëmmen als Missioun de Plastik aus dem Waasser ze fëschen. Et gesäit een natierlech och eppes vun Amsterdam. D'Schëffer sinn nämlech ob de schéinsten Kanäl ënnerwee.
De Moment ginn et esou Touren nëmmen zu Amsterdam an zu Rotterdam an awer kucken aner Länner ganz gespaant ob d'Hollänner. Esou sollt de Prënz Harry sech ufanks Mee dorunner interesséiert hunn. D'Visitt huet um Enn net stattfonnt well de Royal Baby jo ob d'Welt komm ass.
An och wann ëmmer méi Touriste sech fir déi Zort u Botzaktioun bedeelegen sou ass et ëmmer nach eng Minoritéit déi hei matmécht.