Nervt dat Iech och heiansdo, wann Är Kanner soss näischt méi am Kapp hunn ewéi Fortnite? Dee ganzen Dag virum Computer oder der Konsol hänken a sech just mat deem "Ballerspill" ameséieren, bei deem et drëm geet, op enger Insel deen eenzegen Iwwerliewenden ze sinn? Da kuckt mol op déi positiv Säit dovun, well mat Fortnite kann ee räich ginn.

29/07/2019 Fortnite Weltmeeschterschaft: Amerikaner Bugha gewënnt 3 Milliounen Dollar

Op d'mannst mol, wann een d'Weltmeeschterschaft gewënnt, esou wéi de 16 Joer jonken Amerikaner Kyle Giersdorf dat déi lescht Nuecht zu New York gemaach huet. Wärend 3 Deeg huet de Bugha, wéi säi Pseudonym bei Fortnite ass, gewisen, wat hien drop huet an d'Finall an der Solo Epreuve no 6 Matcher gewonnen. Dee jonke Gamer aus Pennsylvania gewënnt 3 Milliounen Dollar.

Fir esouwäit ze kommen, huet hie sech mol fir d'éischt iwwert 10 Woche Qualifikatioune géint aner professionell Gamer missen duerchsetzen. Weltwäit spille Millioune Mënsche Fortnite, 200 hu sech fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert an de Bugha huet d'Weltmeeschterschaft dominéiert.

Just an där zweeter Partie hat et een Ament net esou gutt fir hien ausgesinn, déi aner 5 Matcher huet hien dominéiert an ass allkéiers als Éischten ervirgaangen. Hien huet esou staark u sech selwer gegleeft, datt esouguer d'Commentateure vu senger Leeschtung begeeschtert waren.

Hien hat déi bescht Strategie, huet sech net aus der Rou brénge gelooss an huet ëmmer am richtege Moment ugegraff. Seng Strategie war ënnert anerem, fir een Tuerm ze bauen, esou dass hien an deenen decisive Momenter iwwert deem anere Gamer konnt stoen, fir esou eng besser Positioun ze hunn, fir se ze eliminéieren.

Am Ganze si wärend där Weltmeeschterschaft 30 Milliounen Dollar u Präisgelder ausbezuelt ginn, de Bugha kritt der 3 dovun a konnt et no der Kompetitioun nach net gleewen, datt hien deen éischte Fortnite-Weltmeeschter ass.