U wat se net alles fuerschen... esouguer un der perfekter Zäit fir deen éischte Kaffi Moies. Direkt nom opstoen, oder awer eréischt méi spéit?

29/07/2019 Dee perfekten Zäitpunkt fir den éischte Kaffi

Esou direkt kann ee schonn emol soen: eng fest Auerzäit, wéini ee säi Kaffi drénke sollt, gëtt et net. Den Fuerscher Steven Miller koum awer zum Resultat, dass een dat fréistens eng bis annerhallef Stonn nom Opstoen sollt maachen.

An dofir gëtt et och eng Erklärung: De Stress-Hormon Cortisol, deen de Kierper waakreg mécht an de Stoffwiessel ukuerbelt. Wann ee gutt a laang geschlof huet, ass d'Cortisol-Konzentratioun moies nom Opstoen héich, an dofir si mer normalerweis och gutt drop. Drénkt een da nach Kaffi, geet de Cortisol nach méi an d'Luucht an de Kierper gëtt opgereegt. De Bols klëmmt an och de Bluttdrock a mir gi méi fäertereg an ufälleg fir Stress. Nom Opstoen seng Taass Kaffi ze drénken, bréngt also guer näischt, am Géigendeel.

© Pixabay

Nach dobäi kënnt, dass ee sech op déi Manéier ofhängeg vum Kaffi mécht. Et bräicht een ëss dann ëmmer méi fir iwwerhaapt nach gutt an den Dag eran ze starten. Deen alleréischte Kaffi moies also am Beschten eng bis annerhallef Stonn nom Opstoen drénken. Seet d'Wëssenschaft :-)