Wann der läscht Woch d'Sonn genotzt hutt fir e bësse Faarf ze kréien, dann huet d'Julie Dupont elo e puer Tipps fir Iech, wéi der esou laang wéi méiglech dovu profitéiert.

30/07/2019 Tipps fir méi laang brong ze bleiwen

Fir verschidde Leit war een nëmmen an d'Vakanz wann een mat brong gebrannter Haut zeréckkënnt. Leider hält d'Faarf net ëmmer ganz laang wann ee bis net méi esou vill an der Sonn ass. Där kennt Iech, an ärer Haut awer hëllefen.

Et gëllt net nëmmen nom sonnen opzepassen. Mee och wann der grad un ärem Summerteint schafft. Wann der schéi gläichméisseg wëllt brong ginn, an är Haut net zevill stressen, da leet Iech an de Schiet. Et ass scho längst bewisen, dass een och am Schiet vum Prabbeli ka brong ginn. Et dauert zwar ee Stéck méi laang, ass awer besser fir d'Haut. A wann der elo mengt, dass der dann jo och keng Sonnecrème braucht muss ech Iech enttäuschen. Och am Schiet gëllt et: Sonnecrème schéi brav a reegelméisseg benotzen.

Dass eis Haut sech brong fierft an der Sonn ass iwwregens ee Schutzmechanismus. Wann UVB Strahlen an déi méi déif Hautschichte kommen, bild sech d'Pigment Melanin, an leet sech wéi eng Decken ronderëm den Zellkär. No der Sonn brauch eis Haut virun allem Ënnerstëtzung vun eis. An dat a Form vun extra vill Fiichtegkeet. Dofir ass et wichteg sech och no der Sonn anzecrèmen, fir der Haut d'Aarbecht sou angenehm wéi méiglech ze maachen. Wat ee bausse fir d'Haut mécht, soll een och roueg fir de Recht vum Kierper maachen. Also vill drénken. Positiven Nieweneffekt: d'Faarf bleift méi laang.

Als drëtten Tipp, soll een oppasse beim Duschen. Well och do kann een der Haut guddes doen oder schueden. Ween ze oft, ze laang oder ze waarm duscht, riskéiert dass d'Haut ausdréchent, wat dozou féiert, dass och déi brong Faarf schnell duerch eng nei Hautschicht ersat gëtt. Dat selwecht gëllt fir Anti-Aging Produiten: déi reegen d'Haut dozou un sech méi schnell z'erneieren.

Wann der net zefridde mat der Intensitéit vun ärer bronger Faarf sidd, dann hunn ech elo een Trick fir e bëssen ze fuddelen. D'Faarf vun eise Kleeder beaflosst wéi brong mer ausgesinn. Gëllen, Olivgréng, Giel bis Neon-Giel, Donkelbeige, Quietschrosa oder och Wäiss sinn alles Faarwen déi eis "méi brong" maachen.