Di Mannst vun eis wäerte schonn emol an engem Prisong giess hunn. A scho guer net an engem richtege Prisong. An Italien ass dat awer méiglech, an do gitt Dir och vu richtege Prisonéier bekacht an zerwéiert. E Projet fir de gudden Zweck, dee vill onéierlech Borschten och erëm zeréck an d'Liewe gehollef huet. Tom Nols.

30/07/2019 E Restaurant an deem Gefaangener zerwéieren

Volterra ass eng kleng Stad an der Toskana, südwestlech vu Florenz. Zanter 14 Joer verwandelt sech hire Prisong 6x d'Joer an e Restaurant, an d'Lëscht fir en Dësch ze reservéieren, ass laang. Op d'mannst grad esou gefrot sinn och di 25 bis 30 Plaze, fir ze kachen oder ze zerwéieren.

De Projet ass Deel vun engem Resozialiséierungsprogramm, mat deem d'Prisonéier no hirer Strof nees op di richteg Bunn solle fannen. A sëlleche Fäll huet dat och wonnerbar geklappt.

Fir all Bedeelegter ass et e besonneschen Owend - d'Prisonéier dierfe sech fir e puer Stonne fräi fillen, dierfe sech fräi beweegen a kommen a Kontakt mat normale Leit. Fir d'Gäscht ass et ugangs komesch - si gi fir d'éischt kontrolléiert, mussen Telefon an Dokumenter ofginn, mä scho no puer Minutte vergiessen se, dat se an engem richtege Prisong sinn.

Um Menü steet all Kéier eppes anescht, a berode ginn d'Prisonéier vu Starkäch, déi sech ouni Pai zur Verfügung stellen a gären hëllefen. Mat deem Show-Kachen gëtt eng Hëllefsorganisatioun ënnerstëtzt, déi z.B. de Bau vu neie Schoulen an der Regioun finanzéiert. E Modell, deen entretemps och a villen aneren italienesche Stied Schoul gemaach huet.

Apropos Geld: sou en Owend am Prisongs-Restaurant zu Volterra ass mat 35 bis 45 Euro guer net sou deier. Di nächste Soirée ass schonn de 9.August.

Hei de Link mat allen Informatiounen: