Radare si jo vun de mannsten Autosfuerer gäre gesinn. E ganz spezielle vun där Zort steet elo an dem Departement des Yvelines a Frankräich. En moosst net Vitesse, mä Geräischer. D'Jil Arend weess méi iwwert den éischten Anti-Kaméidi Radar a Frankräich.

31/07/2019 Méduse: éischten Anti-Kaméidi-Radar a Frankräich

Um Ënn vun der "route des dix-septs Tournants" lauert dës nei Maschinn. Et ass eng Strooss déi net nëmme bei Vëlosfuerer immens beléift ass; all Joers fueren d'Cycliste vum Tour de France hei laanscht op hirer leschter Etapp a Richtung Paräis. Och ganz vill Motosfuerer sinn ëmmer erëm op der Streck ze fannen. An déi maachen alt emol gutt Kaméidi. D'Associatioun Bruitparif, déi schonn zënter engem Joer un dem Projet vun den Anti-Kaméidi Radare schafft, huet an enger Testphase ronn 450 Fotoe vun ze séiere Gefierer gemaach. An dat op nëmmen engem eenzege Sonndeg. 

Heigéint soll de Radar, mat dem Numm "Méduse" elo virgoen. Héich uewen op engem Potto, lauert d'Maschinn op hir Affer. Equipéiert mat engem Sensor a véier Mikroen, detektéiert d'Medusa d'Geräischer ronderëm sech. An dat gutt 10 mol pro Sekonn. A wien dann ze haart ass, dee gëtt geknipst. 

 

Zënter dem 15 Juli ass dës nei Form vu Radar hei installéiert. A geschwënn soll och en zweeten hei op der Stréck montéiert ginn, dëst op der Héicht vum Dierfche Brosse à Saint-Lambert. Zwee Joer laang leeft dann eng Test-Phase a da gëtt gekuckt ob d'Maschinnen a ganz Frankräich agesat ginn als Léisung géint den ëmmer méi haarde Kaméidi vum Verkéier. 

 

Eng Etüd vum Bruitparif aus dem Joer 2017 huet nämlech gewisen, dass 17 % vun den Awunner aus der Regioun île-de-France, sech extrem gestéiert ville vun dem haarde Kaméidi. A virun allem vun de Motorrad-Geräischer. De Jean-Noël Barrot, deen de Projet mat an d'Liewe geruff huet, betount, dass de Kaméidi vum Verkéier net nëmmen nervt, mee och Auswierkungen op verschidde Krankheete kann hunn. Et ass also eng Fro vun der allgemenger Gesondheet an et wëll een de Problem esou séier wéi méiglech an de Grëff kréien.