Schweess richt net gutt... Wie vill schweesst, hëlt of... Wie fit ass, schweesst manner. Behaaptungen, déi een ëmmer erëm héiert. Mä stëmmen se och wierklech?

02/08/2019 Fakten iwwer d'Schweessen

Net alles wat iwwer d'Schweesse gezielt gëtt, stëmmt och.

1. Schweess richt net gutt
Dat ass nach fein ausgedréckt a stëmmt nëmmen zum Deel. Well am Fong huet Schweess iwwerhaapt kee Geroch. Desagreabel richt et nëmmen no enger gewëssener Zäit, wa Bakterien ufänken d'Fettseieren am Schweess a Botter- oder Ameise-Seier ofzebauen. Fir dat ze evitéieren, soll ee sech reegelméisseg ënnert den Äerm wäschen an ofdréchnen. An d'Kleeder solle selbstverständlech och propper sinn.

2. Wie fit ass, schweesst manner

De Géigendeel ass de Fall. Wat e Mënsch besser trainéiert ass, wat och seng kierpereege 'Klimaanlag' besser funktionéiert, an dat ass d'Schweessen. Fir de Kierper no enger Ustrengung ze 'killen'.

3. Wie schweesst, hëlt of
Nee, leider. Mir veréieren zwar Gewiicht, dat ass awer dat wat mer duerch d'Schweesse lass sinn. Wa mer erëm Flëssegkeet zu eis huelen, si mer genee esou schwéier wéi virdrun. Fett geet mam Schweess net fort.

4. Déi meescht Schweessdrüsen sinn ënnert den Äerm
Där hu mer zwar zwou bis 4 Milliounen an eisem Kierper, déi meescht dovunner awer ënnert de Féiss: ronn 370 pro Zentimeter-Carré. Bannen an den Hänn sinn et der 360, ënnert den Äerm awer manner wéi hallef esou vill: 120 bis 160 pro Quadratzentimeter. De Grond fir Schweess-Féiss kéint an der Evolutioun leien. D'Fiichtegkeet ënnert de Féiss huet dofir gesuergt, dass se besser um Ënnergrond gehalen hunn wéi mer nach keng Schong a keng Strëmp un haten.

5. Wann een an der Hëtzt schweesst, soll ee kal drénken

Dat kann zwar erfrëschend sinn, de Schweess gëtt awer net manner, mä éischter méi. De Kierper kritt d'Signal, dass et kal gëtt a fiert seng Temperatur erop, soudass d'Transpiratioun an d'Luucht geet. Am beschten et drénkt ee wootlech oder temperéiert, wann et waarm ass.