Wann een un Ëmweltverschmotzung, sief et an de Mierer, op de Plagen oder am Bësch, denkt, dann denkt ee meeschtens direkt u Plastikoffall. Ma seelen awer un déi kleng giel-wäiss Zigarettestëmp, déi d'Leit gäre mol do falen loossen, wou se grad fäerdeg gefëmmt hunn.

01/08/2019 E Béier als Tosch géint e Becher Zigarettestëmp

Eng Strandbar zu Barcelona huet sech dowéinst elo eppes afalen gelooss. Tibu-Ron heescht de Bar, dee sech e bëssen ausserhalb vu Barcelona, zu Castelldelfels, befënnt an direkt um Mier leit. Fir hir Plage propper ze halen, kënnen d'Leit elo d'Zigarettestëmp vum Buedem sammelen an se géint ee gratis Béier antauschen.

E ganzen Becher voll muss een dofir gesammelt hunn. Ma bei der Mass un Zigarettestëmp, déi ee sou fënnt, wier dee séier voll an et kéint ee sech gemittlech dohi sëtzen an eng propper Plage genéissen.

Ëmmerhin brauch en Zigarettestëmp 15 Joer bis en sech opléist an een eenzegen ka bis zu 500 Liter Waasser verschmotzen. E Grond, wisou een net nëmmen op de Plastik opmierksam muss maachen, ma op all Dreck, deen d'leit sou trëllen loossen.

Iwwregens, deen dee kee Béier well, kritt och en Softdrink oder soss en Summergedrénks am Plaz.