Wat ass kromm, giel a gesond? Majo eng Banann, an dat am Beschten all Dag wann een dem Julie Dupont dierf gleewen.

05/08/2019 All Dag eng Banann ass gesond!

Laang gouf jo gesot, dass Banannen den Daarm verstoppen. Dat ass awer nëmmen ee Mythos, deen scho laang widderluecht gouf. Éischter de Géigendeel ass de Fall. Esou komme mer bei eisen éischte Grond firwat een all Dag eng Banann soll iessen. An der gieler Fruucht fënnt een nämlech de Stoff Pektin, ee Ballaststoff deen eisem Verdauungstrakt gutt deet, a mécht dass e besser funktionéiert. Dobäi kennt, dass Banannen och vill Magnesium a Kalium hunn. Wann der also Problemer mat Muskelkrämp hutt, hëlleft d'Banann Iech och do weider.

An och wann der de Bauch wéi hutt kann eng Banann genee dat richtegt sinn. Bei Soud oder aner Problemer déi duerch d'Mosaier kënne kommen si Banannen eng douce awer effektiv Medezin. D'Banann berouegt déi irritéiert Schleimhait am Mo. Dat läit un der Stäerkt an de Banannen. Mee opgepasst, vill Stäerkt ass virun allem an den nach éischter grénge Banannen. Wann d'Bananne giel ginn, gëtt aus der Stäerkt no an no Zocker.

Banannen ginn och aktiv an eisem Gehir. Klengt elo vläicht komesch, mee soll awer stëmmen. Op 100 Gramm Banann fënnt een tëscht 2.5 an 10 mg Dopamin. Dopamin ass ee Gléckshormon, dat eise Kierper nëmme produzéiert wa mer eppes leeschten. Et hëlleft eis ze motivéieren an virun ze kommen. Nieft dem Dopamin fënnt een och nach Tryptophan an enger Banann. Tryptophan ass eng Aminosaier déi nom Orgasmus a Serotonin ëmgewandelt gëtt an eis glécklech mécht. Dofir sollen anscheinend och Banannen eis méi glécklech maachen.

Eng Banann ass also eng kleng Portioun Gléckséilegkeet déi gutt ass fir eise Mo, eisen Daarm an eist Häerz. Gudden Appetit bei der nächster!