Hutt Der Iech d'Fro scho mol gestallt? Firwat sinn d'Sëtzer am Fliger eigentlech meeschtens blo? Hei kënnt d'Äntwert.

06/08/2019 Blo Fligersëtzer

Et si wierklech vill Airlinnen déi op Blo setzen wann et ëm d'Fligersëtzer geet.Et weess een, dass all Faarf eng speziell Wierkung op de Mënsch huet a genee dat ass dann och d'Geheimnis vun deene bloe Sëtzer. D'Iddi ass déi fir dem Fliger esou eng entspaanten a wunnlech Atmosphär ze verpassen. Blo awer och Gréng, Boeing no déi zweet heefegst Faarf vu Fligersëtzer, géingen vu ville Leit als friddlech Faarf opgeholl ginn.

Faarwe kënnen iwwerhaapt vill méi wéi nëmme schéin maachen.

Faarwe wéi Orange vermëttelen e Gefill vu Wäermt. Blo par Konter oder Gréng provozéieren méi e killt Gefill.

Blo steet donieft och fir Kompetenz, Stäerkt an Zouverlässegkeet.

Dat Blot léisst de Fliger och  méi grouss ausgesinn, wat fir Leit mat engem liichten Hang zu Klaustrophobie vu Virdeel ass.

An der Faarf-Psychologie ass Blo d'Faarf vum Seriö, vum Vertrauen a vun der Sécherheet. Donieft symboliséiert Blo als d'Faarf vum Himmel och eng héich Authentizitéit a Kredibilitéit.

Fir et op de Punkt ze bréngen. Déi Blo Faarf vun de Sëtzer am Fliger soll de Passagéier hëllefen relax a mat engem gudde Gefill an d'Vakanz ze fléien.