Firwat iessen déi eng méi wéi déi aner Mënschen? Eng Etüd aus Amerika mengt, dass et deenen enge besser a méi laang schmaacht wéi deenen aneren, an dat kéint och mam BMI zesummen hänken, Marie Gales.

06/08/2019 Wat méi Iwwergewiicht, wat de Schockela besser schmaacht?

Fir d'Etüd, déi am "Journal of the Academy of Nutrition and Dietetics" publizéiert gouf, duerften d'Participante sou vill Schockela iesse wéi si wollten. 290 Leit tëscht 18 a 75 Joer waren derbäi, an de Gros ware Fraen. 160 vun hinnen haten en normale BMI, Body Mass Index, also en normaalt Gewiicht, 78 waren ze schwéier an 51 vun hinne waren adipös, also krankhaft déck.

D'Fuerscher vun der Universitéit Iowa haten den Testpersounen de Schockela ginn an no all Stéck hu si e klenge Questionnaire missten ausfëllen. Do huet een da misste soe wéi et geschmaacht huet a wéi et mat Sat si wier. Wéi gesot, et konnt jidderee wiele wéi vill Schockela en iesse wollt. Dat goung vun 2 Stécker bis zu 51 Stécker Schockela.

D'Resultat: Déi adipös Participanten haten de Schockela als immens gutt bewäert an hier Gloscht dorobber ass och méi lues fortgaange wéi bei den aneren Testpersounen. E krassen Ënnerscheed bei der Schockelasgloscht tëscht de Mënschen mat Normalgewiicht an deenen, déi och méi déck waren, konnten d'Fuerscher net erkennen. Am Duerchschnëtt goufen 12 Stécker op de Kapp giess an dee Participant mam meeschte Schockela koum iwwregens aus der Kategorie Normalgewiicht.

An der Etüd goung et och drëms fir ze gesinn, wéi sech de Goût beim Iesse verännert, dat éischte Stéck Schockela huet bal jidderengem besser geschmaacht wéi elo dat 10. Stéck, dat war de Fazit bei méi wéi 80 Prozent vun deenen Testiesser.

Wann een ze vill vun engem Liewensmëttel consomméiere géif, géif dee mat der Zäit manner frou maachen, heescht et an der Etüd. Dëse Phänomen nennt een "wahrnehmungsspezifische Sättigung". Eise Goûtsensore gëtt et langweileg wa si ëmmer dat Nämmlecht ze schmaache kréien.

Et konnt een dann och gesinn, dass beim Grupp mat den adipösen Testpersounen d'Gefill vum Satsi méi spéit koum, no 12,5 Stécker fir genee ze sinn. Do sinn der 10 bei Leit mat Normalgewiicht duergaangen. Elo kéint een dëst Resultat awer net op all aner Liewensmëttel iwwerdroen, well batter oder salzeg Goûten nees zu anere Resultater féieren an och well et gréisstendeels Damme waren, wier dës Etüd dach e bëssi verfälscht.

Ob adipös Mënsche méi iessen, kann dës Etüd net soen, mä si kéint hëllefe Mënsche mat Adipositas eventuell besser ze verstoen an hinnen hëllefen fir nees doraus ze kommen oder dat krankhaft Déck sinn ze verhënneren.

Onkloer bleift och nach d'Fro, ob dat ënnerschiddlech Schmaachen zu der Fettleibegkeet gefouert huet oder ob d'Adipositas de Goût verännert huet?