Wee kennt en net, den bekanntste Geheimagent vun der Welt, den James Bond?! Papp vun dësem legendäre Personnage ass den Ian Fleming, Marie Gales.

12/08/2019 Doudesdag vum Ian Fleming

Dëst war en engleschen Auteur, Journalist a Geheimdéngschtoffizéier bei der Marinn, dee bekannt ass fir seng James Bond Serie a Spionage-Romaner.
Den Numm James Bond hat den Ian Fleming vun engem Cover vun engem Ornithologie-Buch, deen e Buch iwwert d'Villercher geschriwwen hat. Alles ass mam Buch "Casino Royale" ugaangen, dat 1953 erauskoum. Den James Bond ass hei den Haaptpersonnage, en Officer am „Secret Intelligence Service“, deen ënnert dem Numm "Agent 007" bekannt ass.

Vollgepaakt mat brutalen Aktiounen, internationalem Spionage, spannenden Apparater, Intrigen a sexy Fraen goufen déi Bicher zu internationale Bestselleren. Et goufen iwwer 100 Milliounen Kopien weltwäit verkaaft. Den James Bond ass een vun de bekanntste Helden vum 20. Joerhonnert. An d'Verfilmunge vun deene Geschichten hunn net laang op sech waarde gelooss; den éischte Film (op der Tëlee) ass de Casino Royale vun 1954 mam Barry Nelson. An du koum de Sean Connery.

Nieft den 12 James Bond Bicher, goufen och Sammlunge vu Kuerzgeschichten mam Agent verëffentlecht. De Fleming hat och e Kannerbuch 'Chitty Bang Bang' geschriwwe am deem d'Haaptfigur de Commander Plott d' Fleming/Bond-Liewensphilosophie am beschte resuméiert: „So nimools Nee" zu Aventuren. So ëmmer „Jo“ soss féiers du e ganz langweilegt Liewen.

Bei den Dréiaarbechten vum 3. James Bond Film "Goldfinger" ass den Ian Fleming den 12. August virun 55 Joer u Kriibs gestuerwen.