Konschtkenner missten elo Bescheed wëssen, fir all déi aner, kréie mir elo erkläert wien den Eugène Delacroix war.

13/08/2019 Doudesdag vum Eugène Delacroix

Dëst war e franséische Moler aus der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Scho direkt um Ufank hat en sech vun der klassescher Mol-Richtung beaflosse gelooss an huet duerno awer säin eegene Genre gesicht. Hie huet realistesch gemoolt an huet mat der Intensitéit vun der Luucht geschafft. Leider krut en dowéinst ëmmer vill Kritik. Säi Wierk " La Liberté guidant le peuple"  vun 1831 gëtt fir déi éischte Kéier am Salon opgehaangen an ass ee vu senge bekanntste Wierker.

D'Wierk bezitt sech op Juli Revolutioun vun 1830. Dës war déi zweet Revolutioun no der éischter vun 1789. D'Vollek hat sech géint de Kinnek Charles X erhuewe, sou dass hien aus der Haaptstad huet misste fortlafen. Den Delacroix wollt an dëse Wierk déi Mënschen éieren, déi dës Revolutioun méiglech gemaach hate a gekämpft hunn fir d'Herrsche vum Monarch op en Enn ze koum. Haut hänkt et am Louvre a gëllt als Symbol vun der franséischer Republik.

Als bedeitender Vertrieder vun der Romantik an der franséischer Molerei vum 19. Joerhonnert hu seng Wierker vill Kënschtler, zum Beispill d'Impressioniste Pierre Renoir a Edouard Manet beaflosst.