De Papp vum Lucky Luke, Astérix an Obélix, petit Nicolas an Iznogoud wier haut 93 Joer al ginn.

14/08/2019 Gebuertsdag vum René Goscinny

De René Goscinny war ee vun de berühmteste Comic-Auteuren vum 20ten Joerhonnert. Bekannt ass en ginn duerch seng Geschichte vum "Asterix an Obélix" mam Albert Uderzo an déi vum "Lucky Luke" mam Morris.

Vu Ufank un hat e vill Humor, eng Schwächt fir skurril Figuren an en ironesche Bléck op d'Welt an op d'Mënschen, op hier Stäerkten a Schwächten. Wann den Obélix gedronk hat, huet de Goscinny en ëmmer „Farpaitement“ amplaz  „Parfaitement“ soe gelooss. Dem Lucky Luke" hat hien en eenzegaartegen Humor an eng witzeger Schreifweis ginn.
De René Goscinny huet d'Geschicht vun der Bande dessinée a ganz Europa markéiert a beaflosst. All seng Bicher goufen iwwer 500 Millioune Mol verkaf. Net nëmme war en Zeechner mee hien huet och selwer geschriwwen. Als Auteur gouf en duerch de Petit Nicolas bekannt mat den Illustratiounen vum Sempé.

Mëttlerweil sinn seng Geschichten och op den Ecran komm. Den "Asterix" gouf scho 4 mol richteg verfilmt, 2020 sollt e 5. Film eraus kommen. Den "Lucky Luke" gouf eng Kéier verfilmt mee ass als Zeechentrickfigur méi bekannt. Vum kléngen Nic gëtt en Film an  an eng Televisiounsserie.