Elo während der Vakanzenzäit setzt di spuenesch Police net nëmmen op klassesch Verkéierskontrollen, mä iwwerwaacht den Trafic neierdéngs och aus der Loft.

07/08/2019 Drone verdeelen a Spuenien Protokoller

Se ginn ëmmer méi performant, déi Dronen. Eng 3 Milliounen Autoe si wärend der spuenescher Vakanzenzäit ënnerwee, a fir déi all ze iwwerwaachen, ginn déi normal Stroossekontrolle net méi duer.

D'Guardia Civil huet zanter e puer Méint 8 Dronen am Asaz, déi méi gesinn ewéi dee gemenge Polizist ënnen op der Strooss. Méi flexibel a méi bëlleg wéi en Helikopter si se, an dénge virun allem der Iwwerwaachung. Do huet een e Platten, do ass e Stau, do huet ee Gefier eng Panne. Dat klappt esou gutt, dass di spuenesch Police 20 weider Dronen dobäi kafe wëllt.

Si fléien op ongeféier 40 Meter Héicht, eng hallef Stonn laang, dann ass den Akku platt, a mat hiren héich sensibele Kamerae erblécksen se och sou Infraktioune wéi den Handy um Steier. Och di spuenesch Police geet strikt dogéint vir, schéckt di Live-Biller an de nooste Policebüro, an da kënne sech d'Agente vun do aus op de Wee maache, fir dem schëllege Chauffeur een ze pechen. 200 Euro an 3 Punkten sinn de spueneschen Tarif, wann ee mam Handy um Steier erwëscht gëtt.

Vitesskontrolle sinn (nach) net méiglech, sou wéi mat hiren Helikopteren. Dës kéinten a noer Zukunft awer all duerch déi 20, méi praktesch Dronen ersat ginn. Dat wier just eng Fro vun der Zäit, a vum legale Kader. Net just wärend der Vakanzenzäit.