Si komme vun haut op muer, op eemol si se do. D'Fruuchtmécken, Essegmécken oder och nach Krunnemécke genannt.

09/08/2019 Äddi Krunneméck !

Mä ier een eppes wëll lass ginn,  sollt een mol am Virfeld dofir suergen, datt et net esouwäit kënnt ! Einfach mol direkt deene klenge Mécken d'Freed verdierwen: Keen zeidegt Uebst a Geméis doruechter trëlle loossen – vrun allem NET an der Géigend vun Äppel an, wann d'Uebst schonn do läit, genuch Ofstand halen. Am Idealfall kënnt der et och an de Frigo tässelen. Well Fruuchtmécken hunn et net gär kal.
Dann: net vergiessen, zemools am Summer, d'Poubelle mol méi dacks eidel ze maachen. Grad de Biooffall ass e richtege Paradäis fir déi kleng Insekten. Och mol vun Zäit zu Zäit gutt lëften an dann natierlech am Supermarché Uebst a Geméis genee iwwerpréiwen. Well wann hei scho Krunnemécke sech breet gemaach hunn dann ass et ganz probabel, datt der d'Konsequenzen, also d'Eeër, mat an d'Haus transportéiert.
Wat hëlleft dann elo, wa se bis do sinn? Also Chimie an anert Gëft bréngen net wierklech eppes. Et ginn alternativ Methoden. Beispillsweis e Glas Apelesseg mat e bëssche Waasser verdënnt an dobäi e puer Drëpse Spüli. Dat ass zwar gemeng – dee séisse Mix lackelt se un fir datt se dann herno am Glas erdrénken. Nach méi "grausam" ass eng Planz mam Numm „Pinguicula Vulgaris“, Fettkraut oder Moukekraut. Déi huet Blieder, op deenen d'Mécke peche bleiwen – de Rescht kann ee sech denken.
Vill méi déierefrëndlech an entspaant sinn dann awer dës Methoden: An engem Glas Waasser eng Tablette Gebëss- oder Zahnspangerengeger opléisen. Dee Geroch hu se guer net gär. Oder nach besser: Verdeelt an Ärem Uebstkierfchen e puer frësch geplécken Tomateblieder. Deen intensiven Doft verdreift déi kleng Mécken ganz sécher. Als Alternativ kënnt der och e gedréchente Bouquet mat Olivekraut ophänken. Dat gesäit och nach gutt aus.