Den 9. August 1919 ass deen éischte Roman erauskomm an duerno si méi wéi eng Kéier d'Geschichte vum maskéierte Rächer verfilmt ginn, Dana Conrardy.

9/8/2019 100 Joer Zorro

Den Zorro féiert en Duebelliewen: engersäits ass hien e räiche Mann, deen e rouegt Liewe féiert. Anerersäits setzt e sech fir méi Gerechtegkeet a Fräiheet fir déi Aarm an. Dowéinst representéiert den Zorro eng Aart Robin-Hood aus Amerika. Als säi Markenzeechen hannerléisst e senge Géigner ëmmer en "Z" fir Zorro.

Vill Superhelde vun haut hu sech un dëser Figur inspiréiert. Déi Iddi vum Duebelliewe spigelt sech a villen anere Comicfiguren erëm, wei ënner anerem Batman, Superman oder Spiderman. Den Zorro war ursprénglech eng Romanfigur, déi vum Schrëftsteller Johnston McCulley erfonnt ginn ass. De maskéierte Rächer hat säi éischten Optrëtt an den Heftromanen "The Curse of Capistrano". Déi Geschicht hat am ganzen 5 Suitten an alleguer goufen am " Pulp-Magazin, All- Story Weekly" publizéiert.

Déi Romaner haten esou e Succès, dass 1920 den éischte Stommfilm gedréint gouf. Deemools hat de Schauspiller Douglas Fairbanks den Zorro gespillt. Dat war awer net deen eenzege Film. D'Virlag vum Zorro gouf nach dacks verfilmt ënnert anerem och 1940, an deem den Schauspiller Tyrone Power de Mann mat der Mask a mam schwaarzen Ëmhang verkierpert.

Déi wuel bekanntste Verfilmunge sinn déi an de Joren 1998 an 2005. An deene gëtt den Zorro vum Antonio Banderas gespillt. Ausserdeem ass och eng Fernsehserie a Comicserië vu Walt Disney publizéiert ginn.

Dat schéint Lidd um Schluss ass de Soundtrack vum Zorro-Film mam Antonio Banderas an dem Catherine Zeta-Jones. Et ginn natierlech och Musicale vum Zorro an de Kostüm ass och nach ëmmer e ganz Beléifte fir d'Fuesent.