80 Joer sinn et haut op den Dag, dass dësen amerikanesche Film an de Kino koum. Dat war d'Stärestonn fir d'Judy Garland, déi hei d'Dorothy verkierpere konnt, d'Marie Gales huet de Film natierlech gesinn.

12/08/2019 80 Joer Film ''Wizard of Oz''

''The Wizard of Oz'', ''Den Zauberer vun Oz'' zielt an den USA zu de bekanntste Filmer a gouf och zum Weltdokumenteniewe vun der UNESCO erkläert. Den Ufank an de Schluss vum Film si schwaarz/wäiss a spillt an der Heemechtsstad vum Dorothy. Wa mir awer am Zauberland Oz sinn, ass de Film immens faarweg. D'Virlag war d'Kannerbuch vum Lyman Frank Baum vun 1900.

D'Geschicht fir all déi, déi bis elo näischt dovunner héieren hunn. D'Dorothy lieft mat hirer Tatta a Monni op enger Farm a Kansas a versteet sech gutt mat dem Aarbechter op der Farm Hunk, Hickory a Zeke. An engem Stuerm gëtt si mat hirem Mupp Toto an engem hëlzenen Haischen an d'Land Oz geblosen a lant op enger béiser Hex. Fir nees heem ze kommen, muss si Hëllef bei den Zauberer vun Oz an d'Smaragdstad froe goen; dëst op der gieler Strooss an an roude Schong, déi si zum Schluss nees heembréngen. Si begéint 3 Gestalten op hirem Wee, déi si dann och begleeden. A sou hëlt dëst Mäerche säi Laf.
D'Geschicht war schonns an der Stommfilmzäit verfilmt ginn, ma dëse Film sollt an d'Geschicht agoen. 2,8 Milliounen US-Dollar hat d'Produktioun deemools kascht, e Budget dee souguer fir den Hollywood-Studio Metro-Goldwyn-Mayer immens héich war. Haut géif dëst enger Zomme vun 48 Milliounen Dollar  gläichkommen.

Ufanks war d'Shirley Temple als Haaptactrice virgesinn, déi tëscht 1935 a 1938 de kommerziell beléifte Kinosstar an den USA war. Dat gouf awer näischt no weidere Castingen, war dunn d'Wiel op d'Judy Garland gefall, dëst war gläichzäiteg de Start vun hirer eemoleger Carrière als Sängerin an Actrice. Dat bekanntste Lidd am Film ass ''Over the Rainbow'' a steet dacks op der 1. Plaz wann nees déi beschten amerikanesch Lidder vun allen Zäite gesicht ginn. An dobäi sollt d'Lidd fir d'éischt aus dem Film erausgeschnidde ginn, well d'Produzente et ze kannereg fonnt haten.

An den USA gouf de Film den 12. August 1939 fir eng 1. Kéier am Kino gewisen, duerch den zweete Weltkrich koum en eréischt an den 1950er an d'Kinoen an Europa. Haut zielt ''The Wizard of Oz'' zu engem vun de bedeitendste Fantasyfilmer an der Filmgeschicht.