Am Kinosfilm "Field of Dreams" baut de Kevin Costner op senger Farm e Baseballterrain. Kuerz duerno kommen al Spiller aus dem Maisfeld a spillen hannert sengem Haus Baseball. Fiktioun, oder Realitéit? 30 Joer duerno, elo am August, wäert um "Field um Dreams" richtege Baseball, vun 2 richtege Profiequipe gespillt ginn.

09/08/2019 "Field of Dreams" gëtt Realitéit

Frënn vum Baseball kenne vläicht de Kinosfilm "Field of Dreams"? Deen ass virun 30 Joer erauskomm, mam Kevin Costner, Ray Liotta a Burt Lancaster an den Haaptrollen, a war fir 3 Oscare nominéiert.

Dodra geet et ëm e Bauer, dee, nodeems en eng mysteriéis Stëmm héieren huet, säi Maisfeld platt mécht, an dorop e Baseballfeld baut. An da kommen owes aus dem Mais al Baseball-Legenden fir op deem Terrain ze spillen. Dat sougenannte "Field of Dreams", an engem klengen Duerf an der Pampa am Iowa, d'Kuliss, gëtt et nach ëmmer, a gouf zanterhier vu ville Baseball- an och Filmfans besicht, gëllt als Kultfilm

Elo, 30 Joer nom Film, huet di offiziell Baseball Liga an den USA decidéiert, dass op deem Terrain richtegen, reale Baseball soll gespillt ginn, fir deen Anniversaire ze feieren: D'New York Yankees géint d'Chicago White Sox

Direkt 3 mol wäerten se elo am August géinteneen untrieden, allerdéngs net um ganz richtegen Dram-Terrain, mä op engem dee se direkt donieft extra opbauen, do passe bis 8000 Leit pro Match eran. Ob de Kevin Costner dobäi wäert sinn, gesi mir dann d'nächst Woch, wann di 3 Matcher sinn.