Fir all d'Disney-Fans dobaussen, eise léiwe Pluto vun der Micky Mouse feiert seng 89 Joer!

18/08/2019 Happy Birthday Pluto!

Der Micky Mouse hiren Hond schwätzt ni an dowéinst dréckt e seng Gefiller nëmmen duerch seng Mimik aus, oder mat Billen oder Grommelen. De Pluto ass en Hond, deen ëmmer frou ass an no Aventurë sicht an esou relativ liicht an eng Katastrophe geruede kann oder se souguer selwer ausléist. De Pluto geréit leider séier a Panik, wann en zum Beispill eppes Onbekanntes konfrontéiere muss wéi exotesch Déiere wéi e Séihond oder e Kriibs.
 
Wéini a wou säin éischten Optrëtt war, gëtt haut nach ëmmer diskutéiert. Wou se sech eens sinn, ass d'Joer 1930, do hu mir den orange/giele Mupp fir d'éischt gesinn. Déi eng soen dass de Pluto déi éischte Kéier als Blutthond am Cartoon The Chain Gang opgedaucht wier, dat wier dann haut den 18. August virun 89 Joer gewiescht.

Anerer soen hie wier als Hond Rover am Cartoon The Picnic mat der Minni Mouse virkomm. Am Cartoon Days hat d'Mickey Mouse och en Hond, huet Pluto geheescht an huet deenen enge ferm geglach.

D'Stëmm vum Pluto war déi vum amerikaneschen Acteur a Synchronspriecher Pinto Colvig, ma deen hat och dem Goofy seng Stëmm geléint.

An deem selwechte Joer, 1930 gouf am Februar en neie Planéit vum amerikaneschen Astronom Clyde Tombaugh entdeckt. Am Mäerz krut deen den Numm Pluto, deen e klengt Meedche erausgesicht hat. Ob se bei Walt Disney elo den Hond Pluto nom Planéit oder nom Gott vun der Ënnerwelt benannt hunn, ass net iwwerliwwert. Den Disney-Produzent Ben Sharpsteen sot eng Kéier, dass se fir d'éischt bei Rover bleiwe wollten, mee dee war ze gewéinlech an dofir koum Pluto.