An der Provence ass et am Summer immens schéin, de mof a bloe Lavendel blitt iwwerall, et gesäit een e bis zum Horizont. Matten an deene Blumme steet eng Fra an engem wäisse Kleed. E romantesch Idealbild, dat awer vill Lavendelbaueren iergert.

12/09/2019 Roserei an de Lavendelfelder!

Et ginn zur Zäit ganz vill Fotoe mam hashtag #lavenderfields op de social medias gepost.Besonnesch Influencer loossen sech a Felder voll mat Lavendel fotograféieren - eleng, mam Partner, mam Kand oder alt mat engem Päerd. Et ass den neisten Trend. Mëttlerweil ass d'„Instagramability“ jo e Qualitéitskritär fir Visiteure ginn. D'Uertschaft gëtt nëmme besicht well vill där Influencer Instagram-Fotoen posten, huet och ee bei Tripadvisor geschriwwen an huet direkt 5/5 verginn.
Et gesäit mat Amenter dann och aus wei op engem Filmset; all Stroossen an der Géigend si voll geparkt, et gi Vallisse voll mat Kleeder a Schmink ouni Regard iwwert d'Felder gerullt a vill Blumme ginn  sou natierlech futti gemaach. Fir dass ee mengt, dass déi fotograféiert Persoun ganz eleng an der Natur wier, sinn si ëmmer méi déif an d'Felder eragaangen. Eng 150 Mënsche waren Ufanks Juli op deene Lavendelfelder ënnerwee, souguer wann den Zougang mat enger Barrière gespaart gouf, si sinn einfach driwwer gesprongen.

Den Trend ass entstanen wéi d'Paräisser Marke Jacquemus a Lavendelfelder vu Valensole hier Hierschtkollektioun –  deemools mam Accord vun de Baueren- gewisen huet. Duerch d'Blumme op engem rosa Teppech sinn d'Mannequine stolzéiert. D'Grondiddi war d'Romantik an d'Flucht vum Mënsch virun der Industrialiséierung, an eng Welt déi nach onschëlleg ass an nach net futti.

No dësem Event si vill Influencer an d'Felder gaangen. Hinnen ass de Lavendel am Fong sou laang wéi breet, mä dëst ass fir si eng Ideal Plaz fir hir Produite wéi Aueren, Parfume, Summerkleeder a Stréihitt ze weisen. Et ass en décke Konkurrenzkampf ëm déi meeschte Likes a Followers, well dorëmmer geet et just.

Dass d'Aarbecht an d'Liewe vu ganze Bauerefamill zu Kulissen degradéiert ginn, schéngt déi Influencer wéineg ze interesséieren D'Zil ass déi perfekt Foto ze maachen, do gëtt sech och mol vun der eegener Leeder matten an de Lavndel fale gelooss. Dass doduerch d'Bléie briechen, tjo....

D'Baueren zu Valensole wëllen dat net méi nokucken. Si hunn an d'Beem en handgeschriwwene Transparent gehangen, dee matten an de Felder steet: W.e,g respektéiert eis Aarbecht“ steet hei ze liesen. Hir Häerzer géinge briechen,wann si déi Léit duerch d'Blumme sprange gesinn.