Fuerscher hunn an der lescht en neie Stär aus eiser Galaxie entdeckt. E gëtt ënnert anerem "Roude Ris" genannt a gehéiert zu den eelste Stären aus der Mëllechstrooss. De Jeff Rossler war bis an de Weltall luussen

13/08/2019 Neie Stär

Fuerscher schätzen, dass d'Universum 13,8 Milliarde Joer al ass. An enger Australescher Universitéit hunn se viru puer Deeg e Stär fonnt, deen net vill méi jonk ass. E soll nëmmen puer Honnert Milliounen Joer nom Urknall entstane sinn. Domadder gehéiert en zu der zweeter Stäre-Generatioun aus eiser Galaxie. Déi nennt een "Population II".

Mee wéi erkennt een dann elo, wéi al e Stär ass? Et ass ongeféier wéi bei engem Bam. Do zielt een d'Renger vum Bamstomp. Beim Stär kuckt een op den Eisegehalt. Wéi eis Galaxie entstanen ass, gouf et nämlech nach keng Metaller. Déi sinn eréischt bei méi jonke Stären entstanen. Wéi déi méi spéit Generatiounen dann an enger Supernova explodéiert sinn, hunn sech d'Metaller verdeelt a sinn dann och bei der Population II ukomm. Dat heescht: Wann e Stär méi al ass, huet e manner Eisen. Den Eisegehalt vum roude Ris ass aktuell 1,5 mol sou kleng wéi op der Sonn. Just eent vun 50 Milliarden Atomen ass Eisen. Dat ass ongeféier sou vill, wéi an enger Drëps Waasser aus engem Olympia-Schwammbasseng.

Et weess een awer net, fir wéi laang dee Stär nach existéiere wäert. "Roude Ris" ass nämlech just en ëmgangssproochleche Numm. E Stär kritt dee Spëtznumm, wann e lues a lues um Enn vu sengem Liewenszyklus ass. Dee Stär, deen se elo fonnt hunn, ass besonnesch al. E gehéiert zu den éischte Stären aus senger Generatioun. Mee soulaang et e nach gëtt, kënne Fuerscher en notzen, fir méi iwwert den Universum erauszefannen. D'Mëllechstrooss besteet nämlech gréisstendeels aus Stäre vun der "Population I". Den neie Stär hëlleft méi iwwert déi méi al ze wëssen an eventuell endlech erauszefannen, wéi al den Universum dann elo genee ass. 13,8 Milliarde Joer ass nämlech just eng ongeféier Zuel. Déi huet ee vum eelste Stär ofgeleet, deen ee bis elo fonnt huet.