Tel Aviv ass net nëmmen eng Stad, wou ee richteg vill a gutt ka feieren. Déi liberalste Stad an Israel huet och déi meeschten Hënn pro Awunner. Genee Zuelen an wat d'Hënn do alles kënnen ënnerhuelen. Weess de Loïc Juchem.

13/08/2019 En Hondsliewen zu Tel Aviv

Effektiv ass Tel Aviv en richtegen Honds-Eldorado. Knapp 30.000 Muppe liewen an der Mëttelmier-Metropol. Bei iwwer 443.000 Awunner bedeit dat 1 Hond op 17 Mënschen. Domat ass Tel Aviv déi Stad op der Welt mat de meeschte Véierbeener pro Awunner.

Do sinn iwwerduerchschnëttlech vill Leit mat direkt puer Hënn ënnerwee. Zum Beispill am Florentil Véierel fënnt een der eng ganz Partie. Och d'Liewensfreed vun de Leit géing sech op d'Muppen iwwerdroen, déi iwwerall an de Stroosse ronderëm lafen. D'Besëtzer mussen awer och gutt oppassen, dass hiren Hond néierens himëscht, well soss ginn et Protokoller. An der Entrée vun de meeschte Caféen fënnt een och Dëppercher mat Waasser. An Restauranten, Busser, Taxien, Zich an an de Geschäfter sinn d'Hënn erlaabt.
An iwwerhaapt gëtt et do alles wat en Hond brauch oder kéint brauchen. Nieft villen Hondsgeschäfter ginn et extra Hondsbäckereien, 4 Hondsplagen, iwwer 70 Parke fir d'Hënn an si kënne souguer an d'Massage goen.

Zanter 1996 huet sech d'Zuel vun den Hënn zu Tel Aviv verdräifacht. Dat géing virun allem doru leien, datt jonk Israelien an d'Stad komme fir ze studéieren an sech mam bestueden Zäit loossen. Och fir d'Singelen ass en Hond eng gutt Alternativ fir sech net méi sou eleng ze fillen.

D'Déierenasyler ginn et natierlech och, si engagéieren sech och géint Déierequälerei a sichen de Strossenhënn en neit Doheem.

De 26. August ass an Israel de Nationalen Dag vum Hond, passend dozou gëtt et och en extra Festival. Um Kelaviv, Kelev heescht Hond, si ganz vill Atelieren an d' Hondsfrënn kréien déi neisten technesch Produite presentéiert. Dausende Leit ginn all Joer dohin, dat läit vläicht och dorun dass een um Festival gratis mat sengem Hond kann trainéieren.

Och d'Start-up-Scene huet d'Hondsniche erkannt an entwéckelt elo hondsfrendlech Programmer. 2017 gouf d'App ''Digi-Dog" an d'Liewe geruf, sie erënnert een zum Beispill un deen nächste Rendez-vous beim Veterinär oder Coiffeur.

An wann der den Owend nach en flotte Film wëllt kucken, dee fannt der bestëmmt op ''DogTV''. Well eng eegen Hondschaine hunn se zu Tel Aviv och.