De Smartphone kritt ëmmer méi Plaz an eisem Liewen. Wann alles gutt leeft da fënnt en och ëmmer méi seng Plaz an der moderner Medezin.

17/01/2020 Bluttdrock mat Selfie

Et ass a Kanada wou massiv un enger neier Method geschafft gouf fir de Bluttdrock méi einfach moossen ze kënnen. Dat ganzt soll mat engem sougenannte Selfie-Video geschéien. 2 Minutte sollen duergoe fir de Bluttdrock vun de Patienten unhand vun enger App kënnen ze bestëmmen.

De Moment gëtt et awer nach een Nodeel bei der Saach. Dat ganzt fonctionéiert just bei Leit mat enger heller Haut, déi dann och nach e relativ normale Bluttdrock hunn.

D'Prozedur déi hei benotzt gëtt heescht "transdermal optical imaging". Dës Method gouf scho bei 1300 Testpersounen applizéiert.
D'Resultat vum Video ass ëm 95 - 96% richteg.

Et ass een dann och éischter duerch en Zoufall ob dës Method komm. D'Luucht geet duerch déi éischt Hautschicht an trefft dann ob déi rout Faarf vum Blutt.
Mat de Sensoren am Smartphone léisst sech déi rout Luucht déi reflektéiert gëtt erkennen. Sou kënnen d'Fuerscher gesi wéi d'Blutt an déi ënnerschiddlechst Regioune vum Gesiicht fléisst.
A genee dorausser kann een e Resultat maachen.

D'Wëssenschaftler betounen awer dass nach vill Zäit vergoe wäert bis d'App 100%eg richteg fonctionéiert. Et muss een ë.a. nach méi Donnéeën iwwer Leit mat héijem Bluttdrock sammelen. Dat ass awer relativ komplizéiert well déi Patienten dacks Pëllen huelen déi de Bluttdrock drécken.

Et hofft een awer och duerch déi aktuell Recherche de Bluttzocker oder de Cholesterol kënnen ze ermëttelen.