Intervallfaaschte léit den Ament voll am Trend! Et ësst ee just wärend puer Stonnen am Dag, de Rescht vun der Zäit do gëtt gefaascht. Ma anscheinend ass dat awer guer net gutt fir eise Kierper, Loïc Juchem.

13/08/2019 Intervallfaaschten net gutt?

Ofhuele wei d'Jennifer Lopez oder de Hugh Jackman, wien wëll dat net? An wann d'Methoden dann och nach 100 Prozent klappe sollen, dann ass et perfekt. D'Staren hunn et also virgemaach an da wëll och den Ottonormalverbraucher dat maachen.

Faaschten ass eng ural Praxis, déi elo ëmmer méi populär ginn ass, ebe wéinst dem Intervallfaaaschten. Déi Leit déi dee Regime gemaach hunn, behaapten dat hir Konzertatioun sech verbessert huet, datt se vill Kiloe méi séier verluer hunn an dass se vill méi Energie haten.

Awer wéi all Regime kann och deen heiten zu extremen Iessstéierunge féieren. Den Twitter-Chef Jack Dorsey ass Ufanks e grousse Fan vum Intervallfaaschte gewiescht, ma mëttlerweil huet hie sech awer esou dra gesteigert, dass hie just nach all Owend eng Moolzecht ësst an dann de Weekend iwwer ësst hien guer näischt méi. Verschidden Experte bezeechnen dëst als eng Iessstéierung.

Elo da puer Zeechen, déi eis solle weisen, datt dëst Intervallfaaschten ongesond oder geféierlech ass.

1) Wa mir permanent iwwert dat wat mer als nächst iesse wëllen nodenken, kann dat en Zeeche vun Orthorexie sinn. Dëst ass dacks eng Konsequenz, wann ee sech ze vill mat Regimmer ausernaner setzt.

2) Vill Léit behaapten, dass wann se intervallfaaschte vill besser kënne schlofen, well een dacks manner Honger huet a virun allem an der Nuecht géing een net un d'Iessen denken. Ma verschidde Spezialiste warnen awer hei virdrun a bezéie sech op Etüden, déi beweisen, dass d'Faaschten Auswierkungen op d'REM Schlofphasen hunn. 20 bis 25 Prozent vun der Zäit si mer an där Phase, eng ganz wichteg fir eise Schlof.

3)Wann mer iwwer e längeren Zäitraum näischt iessen, da wëll och eist Gehir op eemol net méi sou richteg schaffen a mer fänken un net méi sou gutt opzepassen.

4) Méi al Etüde beleeën, datt Intervallfaaschten de Risiko vun Diabetis, Kriibs an Häerzkrankheete méi kleng mécht, ma well mir eisem Kierper laang Iessen entsoen, geet de Cholesterolspigel, also de Stresshormon vu Kierper, an d'Luucht.

5) Well mer net méi souvill Kalorien zou eis huelen, kann dat och Niewewierkungen hunn. Hoer kënnen zum Beispill ausfalen oder bei de Frae kann d'Reegel ausbleiwen.

Et soll een och akzeptéieren, wann een et net méi aushale kann an onbedéngt eppes iesse wëll.

Ënnert dem Stréch solle mer souwisou op eise Kierper lauschteren an him dat gi wat e wëll, well nëmmen sou spiere mir eis richteg gutt! Natierlech den Aspekt gesond net aus den Aen verléieren.