De 17. August 1982 huet, bei Hannover, déi éischt industriell Hierstellung vu den 12 Zentimeter groussen an 1,1 Millimeter dënnen, sëlweren Scheiwen an Europa ugefaangen. Déi sougenannte "Compact Disc Digital Audio" oder einfach CDen.

17/08/2019 37 Joer CD

De leschten Album "The Visitors" vun ABBA war den éischten, dee vu Philips a Sony op CD gepresst gouf. D'Scheiwe waren deemools eng Revolutioun. Si hate vill Virdeeler géigeniwwer zu den Schallplacken: Qualitéit vum Toun, kee lästegt Ëmdréinen, kee Knisteren an de Stëbs an den Dreck konnt een einfach ofmaachen. Fir d'Musikliebhaber huet seng eng ganz nei Welt opgemaach.

Ze kafe waren déi éischt CDen eréischt am November an dat natierlech nëmmen an Japan. Europa a USA hu misste bis Fréijoer 1983 waarden. Zesummen mat den éischten CDen koumen dann och déi éischt CD-Playeren ob den Marché.
An den éischten Joren huet d'CD géint Schallplack misste kämpfen. No 8 Joer hunn déi kleng Scheiwen den Museksmarché beherrscht.

Schonn no 37 Joer, sinn CDen bal keen Trend méi. Vill Leit kafe a lueden hautdesdaags hier Musek nëmme nach op Itunes oder Spotify rof.