Wee sech an der Welt vun der Moud auskennt, wäert dëse Numm dacks genuch héieren hunn: Coco Chanel. 136 Joer al wier d'Fashion-Ikone haut ginn. E klenge Resumé vun hirem Liewen huet de Jeff Rossler

19/08/2019 Gebuertsdag vum Coco Chanel

Am Joer 1883 ass d'Coco Chanel ënnert hirem gebiertege Numm "Gabrielle Chanel" op d'Welt komm. D'Designerin huet sech awer gär méi jonk gemaach an huet behaapt, se wier 10 Joer mi spéit eréischt gebuer. D'Gabrielle huet ëm hir Jugend e Mythos geschafen, well se an aarme Verhältnisser opgewuess ass. Wéi se 12 Joer hat, ass hir Mamm gestuerwen an de Papp hat se mat hirer eelerer Schwëster an d'Weesenhaus ginn. Do huet se awer eng Léier als Néiesch gemaach, wat hir am spéidere Liewen gehollef huet erfollegräich ze ginn.

Ir d'Coco Chanel Designerin ginn ass, huet se sech nach als Sängerin probéiert. Eent vun de Lidder dat se am dackste gesongen hat, war "Qui qu'a vu Coco?", wouduercher se de Spëtznumm "Coco Chanel" krut. Kuerz drop huet se den Etienne Balsan kenne geléiert, e räichen Ierwen. D'Coco war seng Maîtresse an hien huet hir doduerch den éischten Atelier finanzéiert. Do huet se Hitt gemaach, déi an der High Society séier populär goufen. Den nächsten Amant Arthur Capel huet dann den nächsten Atelier an den éischten "Chanel Modes" Buttek finanzéiert. Ee vun de gréissten Succèsen, deen d'Coco hat war de Parfum "Chanel No. 5", duerch deen d'Firma Chanel hautdesdaags nach vill Profit mécht.

Mee et war net alles Glanz a Glamour. D'Madamm Chanel gouf och veruerteelt, well se am zweete Weltkrich als Spiounin fir d'Nazie geschafft soll hunn. Duerch hier Kontakter huet se et awer gepackt, séier fräigelooss ze ginn a gréisstendeels ouni Konsequenzen dovun ze kommen. Duerno hat se bis zu hirem Doud mat 87 Joer, un neie Kollektioune geschafft. D'Coco Chanel huet souguer hiren eegene Grafsteen selwer designt. Nieft hirem richtegen Numm an dem Gebuerts- an Doudesjoer, goufe 5 Léiwekäpp agemeesselt, als Referenz un hiert Stärenzeechen.