Vu Schëffsmotoren iwwer Explosiounen ënner Waasser: de Mënsch mécht Kaméidi an dat och am Mier. Kaméidi am Mier? Kann een sech nëmme schwéier virstellen, ma de Schall verbreet sech am Waasser souguer fënnef mol méi séier wéi an der Loft. Schall an Akustik spillen awer fir ganz vill Déieren am Mier eng zentral Roll. Si kommunizéieren, siche Fudder, evitéiere Feinden an orientéieren sech akustesch.

14/08/2019 Kaméidi am Mier

De Kaméidi, vum Mënsch ass an de leschte Joerzéngten enorm gewuess. Zum engen ass hei de Schëffskaméidi, deen d'Ozeane mat engem permanente Brumme fëllt, an zum aneren den impulsiven, explosive Kaméidi, deen op der Sich no Sousmarinen agesat gëtt. déi drëtt grouss Kaméidisquell sinn d'Schallkanounen, déi bei der Sich nom Pëtrol agesat ginn. Dat all 10 bis 12 Sekonnen, wärend Wochen. 
Exploratiounsschëffer vun der Äerduelegindustrie zéien déi Schallkanounen do hannert sech, déi simultan knallen an d'Schallwellen kilometerwäit duerch d'Waasser joen, bis an de Mieresbuedem eran. Dësen Explosiounssschall huet ongeféier 230 Dezibel.
230 Dezibel, wat heescht dat? dofir musse mer eis kuerz an d'Gediechtnes ruffen dass d'Dezibel Skala logarithmesch ass, dat heescht 20 dB hunn net déi duebel, ma déi zengfach Schallenergie vun 10 dB. D'Schmäerzensgrenz vum mënschleche Gehéier läit bei 130 dB, ass ongeféier mat engem Presslofthummer ze vergläichen. domat wär eng Schallkanoun am Verglach dann eng 25 Millioune mol méi haart wéi den Hummer.  

Esou kënne mir eis kaum virstellen, wat fir eng Belaaschtung Walen, Delfinen an aner Déieren aus dem Mier bei 230 hunn. D'Suite si grouss: Verloscht vum Gehéier, anere physesche Schuet, Stress an Angscht, Iwwertoune vun der Kommunikatioun, Verdreiwung aus de wichtege Liewensraim, Verloscht vun der Orientéierung, bis hin zum Dout, wann zum Beispill e Wal a Panik séier optaucht an eng Embolie kritt.  
Walen, Delfinen a Fësch si bei wäitem net déi eenzeg betraffen Déieren an eng Etüd vun der Mieresfuerscherin Dr Lindy Weilgart fir d'Mieresschutzorganisatioun OceanCare huet e Bild geliwwert wat engem Suerge mécht: Bei Fësch ass de Wuesstem blockéiert, d'Reproduktioun reduzéiert, den Immunsystem läit brooch an och d'DNA ass verännert.  
Och d'Wale musse méi haart ruffen wann et an hirem Entourage ze haart gëtt. Esou reagéieren d'Déieren op de Kaméidi vun der Schëfffaart a passen och hir Téin un
Den Atlanteschen Nordkaper aus der Famill vun de Glatwalen ass staark a Gefor. Seng Populatioun vu fréier 100.000 Déieren zielt der haut nach just e puer Honnert an huet sech och nom Schluss vum Walfang net wierklech erholl.

Et gëtt zwar keng global Kaart mam Kaméidi an de Mierer, ma Wëssenschaftler sinn sech eens dass de Schëffsverkéier sech an de leschte 50 Joer verduebelt huet an doduerch och de Kaméidispegel em dräi Dezibel pro Joerzéngt.
Eendeitegt Alarmzeeche waren och d'Masse vun doudege Schnabelwalen, déi op de Küsten ugeschwemmt goufen. Haart Geräischer schéngen zu paneschen Dauchaktioune bei den Déieren ze féieren. Och de Stresshormonspiggel ass bei ville Mieresbewunner duerch de Kaméidi erhéicht, esou dass d'Déiere méi Zäit domat verbrénge fir no de Geforen ze kucken amplaz sech ëm den Nowuess ze këmmeren.
Och Delfinen änneren hire Gesang, a munch Bockelwalen hale ganz mam sangen op.  

Virun e puer Joerzéngte wousst ee kaum eppes iwwert de Kaméidi am Mier. De franséische Mieresfuerscher Jacques-Yves Cousteau hat seng Dokumentatioun deemools am Joer 1956 och nach "Le monde du silence" genannt, eng Bezeechnung déi een haut sécher net méi benotze kann.