Et géif ee mengen, dass Visittekaarten ze almoudesch wieren, virun allem elo am digitalen Zäitalter. Mee grad elo schéngt den Trend sech éischter an déi aner Richtung ze entwéckelen. Firwat déi kleng Käertercher grad hire Revival feieren, weess de Jeff Rossler.

19/08/2019 Visittekaarten nees IN

Och wann d'Kommunikatioun op der Aarbecht elo anescht leeft wéi virun e puer Joerzéngten, d'Visittekaarten sinn ni sou richteg verschwonne. Wann ee bëssen driwwer nodenkt, ass et och kee Wonner. Wann se gutt gemaach gëtt, ass déi Käertchen eng Zesummefaassung vun der Persoun, der Positioun a wéi d'Géigeniwwer een erreeche kann. Se hëlt net vill Plaz fort, mee gëtt engem déi Informatiounen, déi een iwwert e Geschäftspartner brauch. Grad am perséinleche Kontakt gëtt et kee méi séiere Wee, fir déi Informatiounen ze vermëttelen.

Et ginn Atelieren, déi sech speziell op sou Kaarte fokusséieren. Souwuel d'Unzuel vun den Atelieren, wéi och vun de Nofroen fir Visittekaarten soll dobäi an d'Luucht goen. D'Clienten kommen dobäi dacks aus der Kosmetikindustrie. Ënnert den Interesséierten gehéieren awer och Architekten, Grafik-Agencen oder Gas- a Waasser-Installateuren fir Luxus-Bassengen. Dréckereien ginn och un, dass d'Clienten ëmmer méi Wäert drop leen, qualitativ bessert Pabeier ze benotzen oder iergendeppes Aussergewéinleches mat hire Visittekaarten ze maachen. Dofir sinn se dann och prett, e bësse méi ze bezuelen, well ee sech domadder esou gutt representéiere kann. Net fir näischt ginn an Däitschland souguer méi Visittekaarten gedréckt, wéi z.B. Flyeren oder Banneren.

Am digitalen Zäitalter ginn dann awer och nei Reegelungen ronderëm déi Käertercher gemaach. Eng däitsch Zentral vu Microsoft zu München probéiert zum Beispill e Büro ouni Pabeier ze hunn. Visittekaarten ginn also net automatesch bestallt. Wann ee Mataarbechter der wëll, kann e sech der awer separat iwwert en Online-Tool bestellen. Beim Energiekonzern RWE oder beim Versandhandel Otto ass et individuell gereegelt. Wann ee professionell vill an d'Ausland reest, ass et eng Noutwendegkeet. Wann e Mataarbechter éischter am Land bleift, gëtt et als onnéideg ugesinn.

Eng Zäit laang gouf et als ze almoudesch ugesinn engem seng Visittekaart ze ginn, well een alles iwwert e Mënsch och online fënnt. Aktuell lieft d'Käertchen awer dovunner, dass se net all Mënsch ugebuede ginn. Wann een se manner Leit gëtt, da gëtt se als méi besonnesch ugesinn a dowéinst och méi wäertgeschat.