Haut viru 50 Joer ass schonn den 3 a leschten Dag vum legendäre Woodstock-Festival. Den 2. Dag Festival fänkt de 16. August 1969 um véierel op 12 mat der relativ onbekannter Grupp Quill un. Duerch de ville Reen, och um 2. Dag, kënnt déi lescht Grupp vum Samschdes-Programm eréischt Sonndes Moies um 8 Auer drun.

15/08/2019 50 Joer Woodstock: den zweeten Dag

An dat war eng vun den e bësse méi bekannte Bands; Jefferson Airplane zesumme mat hirer Sängerin Grace Slick där et  scho bewosst war datt et eng speziell Auerzäit fir e Concert wier. Si géingen dann einfach morning maniac music spillen; um 20 vir 10 war de Programm vum 2. Festival-Dag du fäerdeg. Net manner wéi 14 Gruppe stoungen de 16., an och de 17. August nach, op der Bühn zu Bethel. Déi sollt iwwregens an zweegedeelt sinn; mat Rieder ënnert der Bühn wollt een d'Halschent déi während engem Concert net benotzt gouf, profitéiere fir déi nächst Instrumenter opzeriichten. Dat eenzegt wat ee bei dëser flotter Iddi net beduecht hat, d'Gewiicht vun de Verstäerker an den Instrumenter, schonn den éischten Dag hunn d'Rieder ënnert der Bühn de Geescht opginn. Vun de Concerte vum 2. Dag Festival kann een ënner anerem och nach d'Optrëtter vu Santana, Creedence Clearwater Revival, Janis Joplin, Sly & The Family Stone an The Who opzielen, Grënn ginn et genuch. Zum Beispill war mam Michael Shrieve dee jéngste Museker vum Festival op der Bühn, 20 Joer jonk war den deemolege Batteur vum Carlos Santana senger Band.

Datt et de Concert vu Creedence Clearwater Revival net an den Documentaire gepackt huet, läit drun datt den John Fogerty an och d'Plackefirma Fantasy dat net wollten, den John war der Meenung den Optrëtt wier net gutt genuch gewiescht, dobäi kënnt och nach datt net vill Läit wakereg waren an d'Grupp hat deen oder aneren technesche Problem.

Der Band vum Janis Joplin gouf ze mann Engagement virgehäit, et wier ee vun de schlechtsten Optrëtter vun der Sängerin gewiescht, och dee Concert gouf net publizéiert. Krasse Géigendeel gëllt fir de Concert vun Sly & The Family Stone, deenen hir 50 Minutte Sonndes Moies vu hallwer 4 bis 20 op 4 waren wéi et schéngt, ee vun de beschte Momenter bei Woodstock.

Wat ee leider net vun The Who behaapte kann; éischtens wier d'Grupp bal iwwerhaapt net opgetrueden, de Manager wollt nämlech am viraus bezuelt ginn an zweetens hat sech de Pete Townshend net vu senger beschter Säit gewisen; den Aktivist Abbie Hoffman krut dem Gittarist säin Instrument ze spieren an e Kameramann gouf vun der Bühn gestouss.