D'Äerd hëtzt sech an den nächste Joren ëmmer méi op. Dofir kënnt kee méi derlaanscht an de Mënsch muss seng Gewunnechten änneren a bewosst eppes fir de Schutz vun eisem Planéit ënnerhuelen. Wëssenschaftler proposéieren elo eng weider Mesure am Kampf géint de Klimawandel: Beem planzen, an zwar ganz vill! Michèle Schons:

19/08/2019 Beem planze géint de Klimawandel

De Klimawandel kann enger Etüd no duerch näischt esou effektiv bekämpft ginn wéi duerch Opforstung. Beem planzen huet de Potenzial, zwee Drëttel vun de klimaschiedlechen CO2 Emissiounen déi duerch e Mënsch verursaacht sinn, opzehuelen, esou Fuerscher a Fuerscherinnen vun der technescher Héichschoul ETH vun Zürech. Deemno kéint d'Äerd en Drëttel méi Bëscher verdroen, ouni dass Stied oder Agrarfläche beanträchtegt ginn.
D'Etüd weist och dass de But, dee vum Weltklimarot festgesat gouf, d'Begrenzung vun der Äerderwiermung op 1,5 Grad ze halen, ouni Zweiwel kann erreecht ginn. Laut IPCC mussen dofir bis 2050 d'CO2 Emissioune begrenzt ginn, dat am Energie an Transportsecteur, an donieft mussen eng Milliard Hektar Land nei mat Beem beplanzt ginn. 
De Moment ass d'Äerd mat 2,8 Milliarden Hektar Bësch bedeckt, eng Neiuplanzung vun 900 zousätzleche Milliounen Hektar wäre méiglech. Dat entsprécht ongeféier der Surface vun den USA. 
Et misst allerdéngs séier gehandelt ginn, well et dauert Joerzéngte bis d'Bëscher wuessen an hire Potential als natierlech CO2 Späicher ausräifen. D'Fläch déi dofir a Fro kéim, géing och all Joer méi kleng ginn. D'Opforstung ass eng vu ville Moossnamen fir de Klimaschutz an eng séier Reduktioun vum fossille Wirtschaftsmodell ass noutwenneg a ka mat Hëllef vun engem bestëmmten CO2 Präis, dee Secteur-Iwwergräifend wär, am beschten erreecht ginn.
Vill Wëssenschaftler si fir hir Berechnungen och dovunner ausgaangen dass d'Baambedeckung duerch de Klimawandel an d'Luucht geet. Dat stëmmt allerdéngs just zum Deel, a gläichzäiteg ginn och tropesch Beem zu 90- bis 100% verluer.
Stied a Landwirtschaftlech Fläche si bewosst bei der Etüde ewechgelooss ginn, an et geet éischter elo ëm intakt awer zerstéiert Ökosystemer déi nei mat Beem opgerëscht solle ginn. Besonnesch vill Surface dofir gëtt et a Russland, suivéiert mat Ofstand vun den USA, Kanada, Australien, Brasilien a China.