Jiddereen wäert déi 3 Wierder schonn iergendwou héieren hunn: Made in China, Japan, Germany oder iergendeen anert Land. Bei all Land huet een e gewëssenen Qualitéitsstandard am Kapp. Wéi et zu der Kennzeechnung koum, weess de Jeff Rossler.

23/08/2019 "Made in..." gëtt agefouert

Et géif ee mengen, dass Produiten gekennzeechent ginn, fir dass sech d'Clienten virum Akaf e bessert Bild kënne maachen. Den Ufank vum "Made in"-Label huet awer éischter mat Konkurrenzdenken ze dinn. Groussbritannien huet 1887 mam "Merchandise Mout Act" vir gehat, déi heemesch Industrie ze schützen an déi auslännesch Firmen ze diskreditéieren. Well d'Briten zimlech vill Muecht um Weltmaart haten, virun allem mat hire Kolonien, sollt all méiglech Konkurrenz ënnerdréckt ginn.

Dovunner war haaptsächlech Däitschland betraff. Et ass deen Ament en Trend gewiescht bei den Däitschen ze produzéieren. Just d'Clienten ware net esou begeeschtert dovunner, well Däitschland de Ruff hat, bëlleg a schlecht Saachen ze produzéieren. Nodeems et méi einfach gouf ze erkennen, wéi eng Produiten vun hinne sinn, ware se dozou gezwongen, hir Qualitéit ze verbesseren. Matt der Zäit sinn awer nei Problemer komm. Duerch di zwee Weltkricher ass de Ruff vun däitsche Marken extrem erofgaangen. An der Nokrichszäit ass Däitschland dann erëm opgebléit, well se bekannt dofir waren, qualitativ héichwäerteg Saachen ze produzéieren, mee duerch d'Verléiere vum Krich just e bëllege Loun ze verlaangen.

Och de bekanntsten Label vun allen, Made in China, hat seng Problemer. Wärend dem kale Krich gouf, virun allem vun den USA, dacks negativ iwwer chinesesch Produiten beriicht. Zanter de 1990er Joren gëtt awer probéiert de bëllege Ruff vu China erëm fort ze kréien. Hautdesdaags ass et dat stäerksten Export-Land vun der Welt an domadder ass "Made in China" och dee Label, deen een am dacksten op Produiten gesäit.

Et gëtt nach diskutéiert op déi Kennzeechnung nach relevant ass. Fälschungen gi mëttlerweil sou gutt gemaach, dass de "Made in..." vun iergendengem Land mat dran veraarbecht ka ginn. Eng Gefor fir d'Entreprisen soll et awer net sinn. De Client sollt de Qualitéitsënnerscheed séier mierken an duerno erëm zum originale Produit gräifen.