Zanter Jore gesäit een d'Fussball-Fans Samschdes a Sonndes, wéi se hire Club ufeieren. Fir Däitschland war haut, am Joer 1963 e ganz besonneschen Dag. Do huet déi däitsch Bundesliga nämlech ugefaangen. E klenge Resumé vun der Geschicht, huet de Jeff Rossler.

24/08/2019 D'Fussball-Bundesliga gouf gegrënnt

D'Iddi fir d'Bundesliga ass 9 Joer méi fréi entstanen: 1954, wéi Däitschland déi éischte Kéier Weltmeeschter ginn ass. Duerch de Mangel un Tëleeën, hunn déi meescht d'Finall iwwert de Radio matkritt. Als Aussesäiter ass di däitsch Equipe an d'Finall komm, an d'Live-Reportage spigelt d'Gefill erëm, dat dat ganzt Land an de kommende Woche wäert hunn.

Nom zweete Weltkrich hunn déi Däitsch erëm bëssen Selbstbewosstsinn kritt. Deemools huet de Bundestrainer Sepp Herberger d'ekonomescht Potential vum däitsche Fussball erkannt. Däitschland war bei dësem Sport awer nach net esou wäit. An England gouf et scho Profi-Ligen an ausverkaafte Stadien, wärend et an Däitschland just 5 Amateur-Lige gouf. Se hu just an der Fräizäit gespillt an trainéiert an niewebäi geschafft. D'Konditiounen waren net passend fir eng lukrativ Fussballkarriär ze hunn. Den Herberger huet d'Bundesliga awer als essentiell ugesinn, fir den internationalen Uschloss net ze verpassen. D'Géigner hunn deem virgeworf, manner Léift fir de Sport ze hunn, a just nach op d'Suen ze kucken, sou wéi de Spiller Jürgen Werner deemools.

Den DFB huet intern nach Joren gestridden, bis 1963 déi 16 éischt Ekippen un de Start koumen. Den éischte Goal vum éischte Match ass ironescherweis och an der éischter Minutt gefall, bei Borussia Dortmund géint Werder Bremen. Den éischte Meeschter war awer kee vun deenen zwee, dat war den éischten FC Köln. D'Liga huet Rekordëmsätz gemaach. Et koumen ëmmer méi Teams dobäi an hunn zanterdeem fir ëmmer méi ofwiesslungsräich Spiller gesuergt.