En huet seng Schauspillerkarriär zwar 2003 opginn, mee fir di meescht bleift e fir ëmmer den James Bond: De Sean Connery. De Geheimagent 007 aus de 60er Joren kritt haut seng 89 Joer

25/08/2019 Sean Connery gëtt 89

Éier de Sean Connery säin Duerchbroch als James Bond hat, ass en an aarme Verhältnisser opgewuess. E war mat 16 Joer an der Royal Navy, mee ass wéinst engem Geschwier 2 Joer méi spéit erëm heem komm. Do huet e mat villen eenzelen Beruffer probéiert seng Famill finanziell ze ënnerstëtzen. An där Zäit huet en ugefaangen sech lues a lues eng Bodybuilder-Karriär opzebauen. Déi sollt him spéiderhin hëllefen an d'Filmindustrie ze kommen.

An de 50er Joren krut en éischter méi kleng Rollen an e setzt sech iergendwéi net sou richteg duerch. Nodeems déi éischt Castinge fir d'Roll als Bond net gepasst hunn, ass d'Produktiounsteam op den nach onbekannten Sean Connery opmierksam ginn. Den Auteur vun den James Bond Bicher, Ian Flemming, war der Meenung, dass hien déi falsch Besetzung wier. Mat engem Budget vun 1 Millioun Dollar huet den éischte Bond-Film awer bal 60 Milliounen agespillt. Bis zum 4. Film ass souwuel de Budget, wéi och de Revenue ëmmer méi héich ginn. "Thunderball" huet 141 Milliounen agespillt a war ee vun den erfollegräichste Filmer an de 60er Joren.

D'Roll huet dem Sean Connery awer no kuerzer Zäit net méi zougesot. No 6 Filmer wollt en net nëmmen op dee Charakter reduzéiert ginn an d'Gage vum leschte Film, ronn 1,25 Milliounen Dollar, huet en a seng eege Stëftung gestach, déi zur Bildung a Schottland bäidroe soll. Iwwert d'Joren hat en nach aner grouss Erfolleger wéi "Indiana Jones and the Last Crusade", "The Untouchables" oder "The League of Extraordinary Gentlemen". 2003 huet e mat senger Schauspill-Karriär awer opgehalen a just nach vereenzelt als Synchronspriecher geschafft.