Wee gären Déieren am Fliger gesi wëll, misst méi dacks an den USA fléien. Do duerfen net nëmmen Déieren wéi Blannenhënn matfléien. Wat et do fir skurril Geschichten ginn, huet de Jeff Rossler.

21/08/2019 Animal Support

Nieft Hënn a Kazen gi dacks Miniatur-Päerd mat an de Fliger geholl, soulaang se net ze grouss an net ze schwéier sinn. Dat souguer gratis. Déi sollen nämlech d'Assistenzhënn ersetzen, falls e Passagéier aus iergendwéi enge Grënn keen Hond kann hunn. Et ass een ëmmer nach op Hëllef ugewisen, dofir wier et ongerecht, e Päerd net an de Fliger ze loossen. Dass Déiere matfléien duerfen gëllt awer net nëmmen fir d'Assistenten vu kierperlecher Behënnerung.

De Verkéiersministère an den USA huet 2003 deklaréiert, dass Déieren, déi de Leit mat psychesche Problemer hëllefen, och um Fliger erlaabt musse sinn. Déi nennt een "Emotional Support Animals" an hëllefen zum Beispill bei Depressiounen oder Panikattacken. Et muss een awer vum Dokter verschriwwe kréien, dass een dat Déier aus psychologesche Grënn brauch. Fluchgesellschaften ginn awer dovunner aus, dass déi Reegel gären ausgenotzt gëtt. Et ass nawell einfach eng falsch Bescheinegung am Internet ze fannen an da géifen d'Leit einfach de Statut vun hiren Hausdéieren ëmänneren.

Well net genee definéiert gouf, wéi eng Déieren zu den Emotional Support Animals zielen duerfen, kënnt et Deelweis zu skurrille Geschichten. Se hu just gesot, dass onüblech Déiere wéi ënnert anerem Schlaangen oder Spannen net dozou zielen an et soss bei all Eenzelfall nei entscheet gi muss. Zum Beispill huet eng Fra refuséiert aus dem Fliger ze klammen, well säin "Emotional-Support"-Kaweechelchen am Fliger net erlaabt war. Duerno huet all anere Passagéier missten erausklammen an e neie Fliger huet misste kommen. 2014 krut e Schwäin d'Erlaabnis u Bord ze klammen. Et huet awer scho virum Start mat sengem Passagéier missten eraus, well et eng grouss Kommissioun am Gank gemaach hat. En Déier dat am Fliger awer ganz brav war, war eng Int, mam Numm Daniel Turducken Stinkerbutt. Se ass virun allem duerch hir rout Strëmp opgefall an hat wärend dem Fluch eng Pampers un.

Et ginn ëm dat Thema awer och kontrovers Diskussiounen. Wéinst den onüblechen Déieren, gouf geklot, dass Déieren déi emotionale Support ginn, net méi zu den Service Déieren zielen. D'Restriktiounen goufen awer net duerchgesat. Duerch d'Erlaabnis vun Emotional Support Animals, dierften awer keng speziell Rassen ausgeschloss ginn. Déi Reegel gouf agefouert, nodeems Pitbullen eng Zäit laang net erlaabt waren. Mataarbechter goufen anscheinend vun den Déiere gebass. D'Verbuet gouf no enger Petitioun mat ronn 24.000 Ënnerschrëften dunn opgehuewen.