Vum 17. bis den 28. August ass zu Genf an der Schwäiz, déi 18. Konferenz vum Washingtoner Arteschutzofkommen, besser bekannt als Cites. An der internationaler Konventioun geet et drëm, een nohaltegen an internationalen Handel vun Déieren an Planzen ze reguléieren. Dëst Joer soll virun allem iwwert e besseren Schutz vu Reptilien diskutéiert ginn.

21/08/2019 Reptilien solle besser geschützt ginn

En ass mol keng 3 Zentimeter laang, huet knätschorange Aen an seng Schuppen hunn een opfällegt Muster. Riets ass vum Union-Island-Zwerggecko. Vun deem hutt Dir nach net héieren? Dat ass net ganz verwonnerlech, well déi eenzeg Populatioun vun dëser Zort Gecko wunnt op enger Karibikinsel. An leider kéint et sinn, dass hien an de nächsten Joeren ausstierwen kéint. Schold drun ass d'Léift fir exotesch Déieren. Wien wëll da schonn en Hond oder eng Kaz, wann en eppes ganz Spezielles als Hausdéier kann halen. An dat loossen vill Reptilienfrënn sech gär mol eng Staang Sue kaschten- Bis zu 700 Euro kascht en Gecko.

Dofir wëll elo den Inselstaat St. Vincent an d'Grenadinnen d'Noutbrems zéien. Si fuerderen, dass de Gecko duerch de Washingtoner Arteschutzofkommen virun kommerzieller Ausbeutung geschützt gëtt. Allerdéngs wier dat nëmmen eng Drëps um waarmen Steen, well honnerten Aarten ginn international gehandelt, ob legal oder illegal. D'Geschäft mat den Reptilien wier einfach ze lukrativ an fir vill Länner a Süd- a Mëttelamerika, a Südostasien oder och nach an Afrika wier den internationalen Handel eng wichteg ekonomesch Basis. A virun allem an aarmen Länner wier d'Korruptioun nach ëmmer eng traureg Gewëssheet an dat mëscht, dass d'Schmuggler en méi liicht Spill hätten. Och an Europa wieren Foiren mat Reptilien immens beléift, wéi zum Beispill d'Terraristika an Däitschland. Eist Nopeschland ass mat Ofstand dat gréissten Importland fir Reptilien. Méi wéi 4 Milliounen Reptilien goufen am läschte Joerzéngt an Däitschland importéiert, seet den Eurostat. D'Tendenz géing zwar liicht falen, ma den illegalen Handel wier nach ëmmer do an géing sou séier net verschwannen.

Nieft dem Union-Island-Zwerggecko sollen och d'Agamen-Zorten vu Sri-Lanka, d'Glasfräschen aus Latäinamerika, Spaltenschildkröten aus Ostafrika an d'Molchen aus Südostasien, besser geschützt ginn. Ob der aktueller Konferenz gëtt awer net nëmmen iwwer Reptilien geschwat, och de Schutz vun Nashörner, Giraffen, Jaguaren, Elefanten an Haien soll verstäerkt ginn.

Sou soll et zum Beispill verbueden ginn, dass wëll afrikanesch Elefanten un en Zoo verkaf dierfe ginn.