Enger neier Etüd no gi pro Woch zwee Tigeren konfiskéiert. An der fräier Natur liewe just nach ëm déi 4'000 Déieren weltwäit.

22/08/2019 Dat illegaalt Geschäft mat den Tigeren floréiert

D'Aarteschutzorganisatioun TRAFFIC huet an 32 Länner an de Joren 2000 bis 2018 recherchéiert. Net manner ewéi 2'400 Tigeren goufen an deem Zäitraum konfiskéiert. Zanter Jorzéngten ass de Schmuggel ongebremst, genee esou ewéi d'Juegd op d' Grousskazen. Dem WWF no, wier all eenzelt doudegt Déier e Problem, an dat misst Konsequenzen hunn.  Am internationalen Handel spillen ewell och Nozuuchten aus Tigerfarmen eng wichteg Roll. 90 Prozent vun den Déieren mat deenen am Vietnam Geschäfter gemaach goufen, konnten an d'Nopeschland Laos zeréck verfollegt ginn, e Land an dem Tigerpopulatioun quasi ausgestuerwen ass.

A legalen Tigerfarmen a China, awer och an Tigerzooen am Laos, Thailand an am Vietnam ginn d'Déieren am grousse Stil geziicht fir hir Kierperdeeler ze verkafen oder Pseudo-Medikamenter draus ze maachen. Der Déiereschutzorganisatioun no, géif et sech net nëmmen ëm e brutaalt Geschäft handelen, mä et wier och eng Qual fir d'Tigeren. Den Handel mat Tigerdeeler a -produiten misst verbuede ginn, egal wouhier se kommen.

D'Majoritéit vun de Wueren, also  95%, goufen an 13 asiatesche Länner beschlagnahmt. Och soss op der Welt koum et zu konfiskéierten Déieren: 39 waren et der am Taiwan, 13 a Mexiko. De Pelz vun den Tigeren gëtt fir Bijouen an a Kleeder verschafft, hir Schanken ginn an der traditioneller Chineesescher Medezin gebraucht. Dobäi konnt bis elo nach net wëssenschaftlech nogewise ginn, dass déi Medikamenter eppes déngen.