Fuerscher hunn en neie Planéit entdeckt. Deen ass verhältnisméisseg och mol net esou wäit fort vun der Äerd. Méi dozou huet de Jeff Rossler.

23/08/2019 Neie Planéit

D'Entdecker hu speziell Instrumenter gebraucht, mee se hunn e fonnt. De neie Planéit ass am System vum Stär "Beta Pictoris", deen ongeféier 63 Liichtjoren vun eis fort ass. De System selwer gouf an den 1980er Joren entdeckt, an elo, ëm déi 30 Joer méi spéit, hunn se den 2. Planéit fonnt, deen de Stär ëmkreest. Viru genee 10 Joer haten se den éischte Planéit entdeckt, de Beta Pictoris B. Den aktuellen heescht Beta Pictoris C an ass ronn 3.000 mol esou grouss wei d'Äerd. Do dobäi ass en 2,7 mol esou wäit vu sengem Stär ewech, wéi d'Äerd vun der Sonn. E brauch 1200 Deeg fir eng Kéier ronderëm säi Stär ze goen a dréint sech esou séier, dass een Dag do just 8 Stonne laang ass.

De Planéit gouf net mat klassesche Methoden entdeckt, wéi zum Beispill d'Himmels-Beobachtung. Se hunn d'Daten vun engem Planéiten-Jeeër-Instrument, mat enger spezieller Method ausgewäert an do dobäi, hunn se de Planéit entdeckt.

De ganze Planéitesystem gehéiert zu der Mëllechstrooss an ass extrem interessant fir d'Etüden. En ass just 23 Millioune Joer al, wat extrem jonk ass am Verhältnis zu de 4,6 Milliarde Joer vun der Sonn. Do dobäi ass eng Aart Stëbs ronderëm dat Ganzt, domadder kéint ee vill vun den Ufäng erausfannen, wéi de Stär an d'Planéite sech gebilt hunn. No den aktuelle Fuerschungen sinn déi 2 Planéiten nach an de fréien Entwécklungsphasen. Dat heescht d'Fuerscher kënnen beobachten, wéi et ausgesäit, wéi sech e Planéitesystem ëm ee Stär mat der Dauer entwéckelt.