Wie stierft, gëtt begruewen oder verbrannt oder ebe béides. Fussball-Fans vu verschidden däitsche Veräiner kënnen dat elo op Kierfechter vun hirem Liiblingsveräin maachen. Fan-Kierfechter ginn et awer net eréischt zanter gëschter. An England kann ee sech souguer am Stadion begruewe loossen.

21/08/2019 Skurril Fussball-Kierfechter

Dat ass de Fall beim Veräin aus der 3. Divisioun Bristol City FC. Hei ginn d'Äsche vun de Fans ënnert dem Terrain begruewen.
Bei Chelsea London ginn net nëmmen d'Äsche verstreet, hei gëtt och eng Gedenktafel opgestallt.

An Däitschland sinn esou Praktike verbueden. Mat "Rot-Weiss Essen" ass dann elo en 3. Veräi bäikomm, deen e Begriefnes op engem Fan-Kierfecht erlaabt. Ähnlech Projete ginn et schonn zu Hamburg an zu Gelsenkirchen.

Fir Fans vun Essen ass dee Kierfecht scho laang eng besonnesch Plaz. Virun de Matcher pilgere vill Leit bei de Grënner vum Veräin, Georg Melches, deen hei begruewe läit. Et ginn zwou Zonen. Déi fir Doudelueden an déi fir Urnen. Um Kierfecht ass alles an der Faarwe vum Veräin gehalen. Och d'Originalsëtzer aus dem Stadion fënnt een hei genee wéi eng Luucht vum Stadion, déi als Dësch ëmgebaut gouf.

Et ginn awer e puer Reegelen. D'Griewer mussen e ronne wäisse Grafsteen hunn, mat eng rouder Flätsch drun. D'Gemeng setzt déi passend Blummen. Vill Leit hunn dann och schonn eent vun de 70 Griewer reservéiert. Well déi meescht awer ëm 35 Joer hunn, dierft et nach dauere bis et hei déi éischt Begriefnesser ginn.

Dass dat net nei ass weist Barcelona. Den FC Barcelona huet eng Hal an där Plaz fir 20.000 Urnen ass. D'Argentinier ticken ähnlech. Si hunn och hiren eegene Kierfecht op deem schonn e Graf fir den Diego Maradonna reservéiert ass.
Fir an der Géigend vun hiren Idoler kënne begruewen ze ginn, bezuelen d'Fans bis zu 3000 Euro pro Graf.

Am Joer 2013 goufen et 25.000 där Begriefnesser op der Welt. Tendenz no uewen.