"Smombies" si geféierlech fir de Verkéier. A wann Dir lo sot: "Hä!?" - "Wat der Déiwel ass dann dat", dann maacht Iech näischt draus. Well eppes ass sécher: Dir sidd bestëmmt schonn emol eng kéier engem "Smombie" op der Strooss begéint.

23/08/2019 Smombie liewe geféierlech

"Smombie" ass zesummegesat aus de Wierder "Smartphone" an "Zombie". Et leeft een mat engem Tunnelbléck duerch d'Liewen, an deem ee mam Kapp gebéckt nëmmen nach op säin Handy kuckt. Wat verschiddener scho fir gestéiert halen, halen Assurancen fir liewensgeféierlech. Eng Etüd vun enger däitscher Assurance Gesellschaft huet erausfonnt, dass méi wéi d'Halschent vun de Leit ëmmer mol nees, während dem Trëppelen op hiren Handy kucken. An dat géing de Risiko fir en Accident ze hunn verduebelen.

Nach méi, wéi an Däitschland oder a ganz Europa, benotzen d'Südkoreaner hirer Handy. 95% vun der ganzer Bevëlkerung huet en Smartphone an benotzt deen och reegelméisseg. Sou vill souguer, dass an Südkorea ëmmer méi dacks Accidenter tëschent Foussgänger an Auto geschéien. Dat well d'Leit während dem Trëppelen andauernd op den Handy kucken ouni op ze passen, wat ronderëm si geschitt.

Der Regierung geet et elo duer an si wëll elo zu méi krassen Moossnahmen gräifen. Rout, giel an blo LED-Luuchten an Laseren sollen elo op de Kräizungen installéiert ginn fir d'Leit vun hirem Handy ofzelenken. En plus géingen extra Luuchten installéiert ginn, déi d'Autosfuerer dorobber opmierksam maachen, wann en Foussgänger ëmgaangen ass iwwert d'Strooss ze goen, obwuel et rout ass. Ma déi Mesuren hunn awer och hire Präis. 12.000 Euro pro Kräizung sollen d'Sécherheetsmesuren kaschten.

Ma och aner Stied reagéieren op de "Smombie" Wahnsinn. Zu Tel Aviv gi speziell Luuchten um Buedem getest, déi ee virun engem Accident schützen sollen. An zu Hawaïi gräifen se zu nach méi drasteschen Mesuren. Do ass et zanter 2017 gesetzlech verbueden op den Handy ze kucken, wann een iwwert eng Strooss geet.