De Klimawandel, dee méi séier kënnt wéi erwaart, wäert eng grouss Rei un negativen Auswierkungen mat sech bréngen, un déi bis elo kee geduecht hat. Och Spannen wieren dovunner betraff a schold dorunner wieren déi tropesch Stierm, Marie Gales.

23/08/2019 Aggressiv Spannen

Eng Etüd huet elo gewisen, dass sech Wiederphänomener och op d'Verhale vu Spannen auswierken, sougenannte Gesellschaftsspannen (Social Spider), Spannen déi zu vill zesumme liewen. Wat se méi aggressiv sinn, wat et méi wahrscheinlech ass, dass si déi katastrophal Stierm iwwerliewen an hir Eegenschaften un déi nächst Generatioune weider ginn.

Den Evolutiounsbiolog Jonathan Pruitt vun der amerikanescher McMaster University a Kalifornien huet de Spannen an hiert Verhale studéiert
an dës Zort "Anelosimus studiosus" lieft ëm de Golf vu Mexiko, wou et dacks Hurrikane ginn.
Dës Spannenaart baut hir Kolonien an dräidimensionale Netzer an, déi hänken ganz no iwwert dem Waasser vu Séien a Flëss an e puer 100 Weibercher kënnen doranner liewen. Mä dës Déiere liewen do net an idyllescher Harmonie, hiert Verhalen ass an 2 Gruppen anzedeelen. E puer Spanne sinn tolerant a ganz friddlech an anerer sinn däitlech méi aggressiv. Wat méi aggressiv Spannen do sinn, wat déi d'Gesamtpopulatioun och méi aggressiv wier. Wat awer méi rosen, wat dës Spanne méi séier reagéieren – souwuel op Ugräifer wéi och op potenziell Nahrung. Och d'Wahrscheinlechkeet, dass si hir eegen Aart attackéieren an déi kleng Spannen oder d'Männercher opfriessen, ass vill méi grouss wéi elo bei Spannen, déi méi gemittlech ënnerwee sinn. Wann et dann ëm d'Iwwerliewe geet, sinn dës rose Spanne da besser drun.
D'Aggressivitéit vun enger Kolonie vu Spannen gëtt op weider Kolonie verierft an dat wier en entscheedende Faktor fir d'Iwwerliewe vun de Gesellschaftsspannen.

Virun an no engem Stuerm haten d'Fuerscher Spannekolonien ënnersicht, sou hate si och d'Eeërkapsele an déi jonk Spanne gezielt, déi de Stuerm iwwerlieft haten. Dofir hate si sech 3 grouss Stierm dat lescht Joer erausgesicht an 240 Spannekolonien koume mat an d'Auswäertung. D'Resultat war eendäiteg: 75,42 Prozent vun alle Kolonien haten iwwerlieft. Et kéint ee soen, dass dës tropesch Stierm souguer de méi aggressiven Typ vu Spannen formen, si hunn no den Onwiedere méi Eeër produzéiert an haten am Wanter méi Jongdéieren duerchbruecht wéi elo Spannekolonien a méi rouege Wiederzonen.

Ob et elo dorunner läit, dass eng aggressiv Populatioun hiert Nascht besser verdeedege kann oder dass sech jonk Spannen selwer iwwerlooss sinn an dorausser Iwwerliewenskënschtler ginn, dat ass net kloer.

Mä et kéint ee soen, dass de Klimawandel rose Spannen ervir bréngt.