An dat net wéinst dem Trump, deen hat jo wëlles dës Insel ze kafen. Mä d'Ausmooss vun der décker Hëtzt hëlt ëmmer nei Ausmoossen un. Dat mierkt een och op de méi kale Plazen. A Grönland sinn e puer Tonnen Äis op engem eenzegem Dag geschmolt. D'Detailer huet de Jeff Rossler.

23/08/2019 Grönland schmëlzt

En Héichdrock-Gebit aus der Sahara huet net nëmmen Europa zimlech gehëtzt. D'Wiermt ass och erop bis op Grönland gaangen, an d'Auswierkunge si fatal. Ronn 90% vun der Äisschicht war betraff an d'Hëtzt hat den 31. Juli säin Héichpunkt erreecht. Tëscht dem 30. Juli an dem 3. August si ronn 55 Milliarden Tonnen Äis geschmolt. D'Land stoung ënner Waasser a virun allem am Westen hu sech quasi Séi a Flëss aus dem geschmolzene Séisswaasser gebilt. De Maximum un Äis, deen an engem Dag verschwonne war, waren 12,5 Milliarden Tonnen.

Dat sinn déi meeschten geschmolten Äisflächen, zanter den éischte Miessungen. Et ass u sech normal, dass d'Äis a Grönland am Summer schmëlzt, mee nach ni an deem Ausmooss. D'Temperaturen sinn elo net méi sou héich, sou dass d'Schmëlzen elo net méi sou staark gëtt, wéi am Rekordjoer 2012. An dach, bleift et problematesch. Schonns am Juni war d'Schmëlzen net normal. De norwegeschen Klimafuerscher Steffen Olsen wollt eng Wiederstatioun am Nordwesten vu Grönland kucken. Fir dohinner ze kommen, hunn d'Schlittenhënn deen Ament schonn duerch Schmëlzwaasser rennen missten. D'Äisschicht op där se gelaf sinn, war nëmmen nach 1,2 Meter deck a mat engem Séi aus Séisswaasser bedeckt, wat d'Beweegung nawell ageschränkt hat. Dass d'Äis do scho geschmolt ass, war verhältnisméisseg fréi a virun allem massiv.

Grad a Grönland ass de Klimawandel staark ze spieren. Dat ganzt ass geschitt, well d'Temperature 15 bis 30 Grad iwwert dem Duerchschnëtt waren. Et ass net normal, dass Gletscher-Regiounen sech quasi zu Flëss verwandelen. Dem Klimafuerscher Olsen no, sinn d'Bewunner vu Grönland extrem op d'Mier-Äis ugewisen, fir ze joen, ze fëschen a Saachen ze transportéieren. Si sinn déi éischt, déi dovunner betraff sinn, wann d'Schmëlzen sou héich Ausmoossen unhëlt. Wann et do uewe schonn ufänkt, dauert dat ganzt fir Europa och net méi laang.